Apropos vum Daniel NepgenFroen iwwer Froen

Eng Iddi ass dacks genee esou séier erëm verschwonnen, wéi si eis an de Kapp komm ass. Well alles, wat mir den Dag duerch gesinn, héieren an erliewen, inspiréiert eis. Et stellt ee sech selwer och vill Froen, ob déi een ni eng Äntwert kritt. Den Daniel Nepgen huet versicht, e puer Gedanken aus de leschten Deeg zeréck ze behalen.

Firwat sinn ech no 6 Stonne Schlof dacks méi fit wéi no 10?

Wéi kann et sinn, dass een direkt nom Erwächen nach weess, wat ee gedreemt huet, awer 10 Minutten duerno net méi?

Sinn ech e béise Mënsch, wann ech am Dram béis Saache maachen?

Firwat bezuelen d’Leit fräiwëlleg e Wucherpräis fir Kaffi, just well en a Kapsele verpak ass?

Kéint et sinn, dass een de Kaffi net drénken, mä just riche muss, fir monter ze ginn?

Gëtt et nach kee Raumparfum mat där Doftnout?

Firwat hunn ech ëmmer d’Gefill, ech hätt eppes geschafft, wann ech mäin Auto vollgetankt hunn?

Kéinte mer eis Wirtschaft esou organiséieren, dass jiddereen do schafft, wou e wunnt?

Wier domat den CO2-Problem geléist?

Sangen ech am Auto wierklech gutt, wann ech d’Lidder aus dem Radio matsangen, oder bilden ech mir dat just an?

Wéi kann et sinn, dass den Englänner seet; „It’s raining cats and dogs“, mä dass mir soen “et reent al Fraen”?

A wéi eng vu béiden Optioune wier déi manner uerg?

Hu Blummebutteker eigentlech nieft Mammen- a Pappendag och déi aner 364 Deeg vun dësem Joer op?

Firwat hunn eeler Hären ëmmer d‘Hänn hannert dem Réck, wa si spadséiere ginn?

A firwat trëppele si ëmmer e puer Meter hannert hirer Fra?

Hu Leit, déi keng Fotoe vun de Kanner op Facebook posten, hir Kanner manner gär?

Gëtt et mëttlerweil e Knigge fir Facebook, Twitter a Co.?

Firwat konnektéieren ech mech online, fir mënschleche Kontakt ze hunn?

Firwat begéinen d’Amerikaner de Mënschen, déi Succès hunn, mat Respekt, a bei eis dominéiert den Näid?

Wat bréngt e Mënsch dozou, Amok ze lafen?

Firwat gëtt et esou vill Haass op der Welt?

Ass et wierklech clever, de rietse Bak dohin ze halen, wann een der schon eng lénks geprafft huet?

Firwat schmaacht eng Fläsch Béier grad nom Fussball spillen am beschten?

Ass um Enn vun der Laola-Well e Schatz, esou ähnlech wéi beim Reebou?

Wa sech gleeweg Leit musse fir Islamiste rechtfäerdegen, a Futtballfans fir Hooligans, muss sech Kanada dann och fir dem Céline Dion seng Musek entschëllegen?

Notze Mënsche mat Burka eigentlech Facetime a Skype, oder geet einfach telefonéieren duer?

Ass et besser ze gleewen oder ze wëssen?

Wéi vill Mënsche passen op eise Planéit?

A wa mer souwäit sinn, ass „Croissance“ dann nach ëmmer e Begrëff, deen ee gär héiert?

Wa Geld wierklech d’Welt regéiert, firwat brauche mer dann nach Politiker?

A kéinte mer eis de Fridden dann net einfach kafen?

Apropos: Froen iwwer Froen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.