Apropos vum Bea KneipDIY an TIY

"Do it yourself", dat ass dem Bea Kneip säi Motto am Apropos vun haut

16/06/2016 Apropos: DIY an TIY
.



Ech muss zouginn, et ass net mäin Talent, och wann ech mer dat géif wënschen: den Do it yourself. Selwer doheem hummeren, zammeren, installéieren a reparéieren. Dat huet eppes fir sech, net nëmme well et méi bëlleg gëtt (souwäit et eenegermoosse gutt gemaach ass, an een net duerno nawell en Handwierker muss ruffen fir seng DIY-Sënnen nees riichtzebéien) Nee, et ass och e schéint Gefill wann een dat alleng fäerdegbruecht huet an um Enn vum Dag eppes opweises huet. Ausserdeem huet een esou och d’Méiglechkeet seng eege Virstellungen ëmzesetzen an eppes ze schafen wat et esou soss néierens gëtt. En Unikat souzesoen, e Spigelbild vun der eegener Perséinlechkeet. Meng DIY-Fähegkeeten gi leider grad duer fir e virverpaaktent Miwwelstéck opzeriichten, an do stécht natierlech net vill Kreativitéit dohanner. Am Géigendeel, et schafft ee souzesoen no Schabloun, et weess een dass genee datselwecht Miwwelstéck an honnerten anere Wunnengen erëmzefannen ass. Dat huet allerdéngs och eppes fir sech: meeschtens feele keng Schrauwen, et weess ee wat ee kritt a wann een sech un d’Instruktiounen hält, klappt et normalerweis mam Zesummebauen.  An awer, heiansdo kéint een dach emol e klenge Risiko agoen. E klenge Risiko, wuelgemierkt, dat heescht elo net um elektresch kniwwele goen wann een näischt dovu versteet. Ma wann ee mierkt dass een déi falsch Faarf fir d’Mauer gewielt huet, kann ee jo nach eng Kéier driwwer usträichen. E bësse Risiko ass ëmmer dobäi wann een eppes selwer mécht aplaz  sech un d’Schabloun ze halen. Dat ass net nëmme beim DIY esou, mä zemol beim TIY. Think it yourself, dat kënnt mir heiansdo an de Sënn wann ech Diskussiounen iwwer Aktualitéitssujete lauschteren. Et muss ee jo kee fäerdege Meenungspackage tel quel iwwerhuelen wéi eng Zort Flatpack-Liewesphilosophie. Well den Noper esou denkt, d’Kollegen, well een et esou an der Zeitung gelies huet oder déi eng oder aner Siichtweis grad modern ass. Firwat net op ganz artisanal Manéier d’Argumenter fir an dergéint selwer ënnert d’Lupp huelen an sech seng eege Meenung zesummebastelen?  An am schlëmmste Fall och emol zouginn dass d’Géigesäit villäicht dat eent oder anert valabelt Argument kann uféieren. An anere Wierder, et kéint ee seng Meenung der Realitéit upassen, an net probéieren d’Realitéit senger Meenung  unzepassen. Dat fonctionnéiert nämlech meeschtens net. Esou gesinn, huet den TIY duerchaus eppes fir sech. Grad esou wéi den DIY.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.