Apropos vum Christiane KremerEent nom aneren!

Un der Skyline erkennt ee meeschtens eng Stad. D'Silhouette aus Natur, Haiser, Gebaier a Skulpturen ass eng nohalteg Struktur, déi awer och mat der Zäit emol Verännerunge kritt. Bei der Stad Lëtzebuerg ass déi Silhouette den Ament duerch ganz besonnesch Elementer markéiert. Dorëms geet et am Apropos vun haut vum Christiane Kremer.

„Eent nom aneren“, ech hat dee Saz am Fong ni sou gär, wann ech en als Kand gesot krut a wousst, datt ech misst Gedold hunn. Spéider huet en nach méi genervt, ëmmerhin ass een a jonke Joer jo sou motivéiert, Neits z'entdecken an huet déi richteg Energie fir alles probéieren ze wëllen a mateneen unzefänken. An da koum en eben de Saz: Eent nom aneren. Als Erwuessenen hunn ech scho geléiert, datt een och deen een oder anere Projet soll ofschléissen, ier ee sech an en neie stierzt. Hannen um Enn huet ee soss ëmmer nëmmen oppen Dossieren an e gewësse Chaos ronderëm sech. Trotzdem ass de Saz awer ni mäi Liiblings-Saz ginn.

Vrun e puer Deeg ass e mer awer an de Kapp komm, wéi ech op engem kloren an dréchenen Dag jo där gouf et der tatsächlech e puer déi lescht Zäit – op der Terrass stoung an iwwer d'Diech vun den Nopeschhaiser ewech iwwer d'Stad gekuckt hunn. Do si se mer opgefall, déi grouss Strukturen, déi wéi Champignonen aus dem Buedem schéissen an d'Skyline vun der Haaptstad markéieren. Si trieden den Ament am Ruddel op a poséiere wéi riseg Béischten an der Landschaft, dacks nach a Valeur gesat mat de wäisse Wolleke-Sträifen, déi aus dem Eck Cattenom eriwwer wénken.

Virgëschter Owend, et wor mol nees e sou e kloren Ament, war de Panorama nach méi impressionant. An enger 3er-Rei hu se vru mer getrount, op Distanz gläichméisseg an der Perspektiv ee vum aneren ewech an dertëscht houng de Mound a vollem Ronn! Ech konnt dunn net anescht an hunn direkt probéiert dat Schauspill mat Foto festzehalen.

© Christiane Kremer


Mä net mir eleng ass den Horizont-Spektakel an de leschte Wochen opgefall, leschte Freideg war eng markant Foto am „Land“ ze gesinn, op där eng Dosen där stole Monstere friddlech beienee stinn. Géif ee se filmen, géife se wuel och den Hals hin an hier bewegen an heiansdo dat eent oder anert ronderëm dréien.

D'Kran-Foto am "Land" vum leschte Freideg.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.