Apropos vum Yann LogelinKlimawandel

Eise Wiedermann, de Yann Logelin, kënnt och a sengem Apropos vun den Moien net laanscht de Sujet Wieder

Oder besser gesot Klima a Klimawandel. Esou lues awer sécher fänkt et u brenzeleg ze ginn dobaussen. Perséinlech war ech, bis nach virun net all ze laanger Zäit, net wierklech vum Klimachangement, oder besser dem mënschlechen Undeel dorunner, iwwerzeegt. Klima ass näischt statesches oder konstantes, mä permanenter Verännerung ënnerworf an de Planéit ass den Ament um Wee aus enger Äis- an eng Waarmzäit, esou dass eng Hausse vun den Temperaturen duerchaus och eng natierlech Ursaach kéint hunn.

Mä nodeems d'CO2-Konzentratioun elo esouguer um Südpol iwwer 400 ppm pro Kubikmeter Loft geklommen ass, fänken och ech u mer Suergen ze maachen, well de physikaleschen Afloss vum CO2 op d'Äerdatmosphär ass wëssenschaftlech nun emol nozeweisen.

Et berouegt mech wuel, dass ech mer net alleng Suerge maachen. Den UNO-Generalsekretär Ban Ki-Moon huet a senger Usproch fir de Weltdag vun der Meteorologie, de leschten 23. Mee, do virdrunner gewarnt, dass Wiederextremer déi nei Normalitéit kéinte ginn. D'NASA huet, bis Mee vun dësem Joer mat, 13 Méint noenee mat neien Temperaturrekorder op planetareschem Niveau gemooss an den „El Niño“ am Pazifik, deen aktuell wuel grad kollabéiert, war dee wahrscheinlech heftegsten „El Niño“ vun allen Zäiten.

Deen alleng geet och duer fir, op mannst zu engem Deel, z'erklären, dass déi global Temperaturmoyenne fir dëst Joer, bis Mee 1,4 Grad iwwert dem Weltduerchschnëttswäert vum Ufank vum 20. Jorhonnert loung an 0,3 Grad iwwert der Valeur vum leschte Joer, déi scho Rekord war.

Am leschten Dezember hunn déi wichteg a richteg Männer a Frae vum Planéit op der Klimakonferenz vu Paräis endlech e gemeinsamen Nenner fonnt fir d'Temperaturhausse op eisem Planéit, op maximal 2 Grad par Rapport zur Moyenne vu virun 100 Joer wëllen ze beschränken. E luewenswäerten Accord, deen awer ënner Ëmstänn schonn ze spéit kënnt, wann eis elo just nach e Sputt vun 0,6 Grad bleift a well am Accord keng Strofe virgesi sinn, fir Länner, déi sech net drun halen.

Mä villäicht ass et elo schonn ze spéit fir d'Zil vun den zwee Grad nach z'erreechen...

Et sief mir hale bis Chrëschtdag weltwäit op fossil Energien ze benotze fir eis eist Liewe méi einfach ze maachen an dat, do muss ee weder Wëssenschaftler nach Prophéit sinn, wäert net geschéien.

Ech wëll den Däiwel jo net un d'Mauer molen. Lëtzebuerg wäert wuel just mat manner Schnéi an Äis am Wanter, duerfir mat méi kräftege Stierm a Reen a mat méi zolitten Hëtztwellen an Donnerwieder, déi villäicht och geschwë schonn hei am Land vu Knëppelsteng, déi esou grouss wéi Orange sinn, an de Summerméint begleet ginn, ze di kréien.

Mä weltwäit sollt ee sech dach esou lues awer sécher mol Iddie maachen, wéi eis Kanner a Kandskanner mat deenen neien Extremer liewe mussen, déi plazeweis d'Liewe wéi mer et haut kennen onméiglech maache wäerten. Sollt dat elo awer ze ustrengend sinn, da kënne mer ëmmer nach nom Mënschheetsmotto vu bis ewell „Après moi le déluge“ viru fueren.

28/06/2016 Aporpos: Klimawandel



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.