Apropos vum Michelle ReiterAner Länner aner Männer oder aner Sitten aner Kitten?

D'Männer a Japan kréien ëmmer manner Täschegeld

07/07/2016 Apropos : Aner Länner aner Männer ....



Dat ass d'Iwwerschrëft vun engem Artikel mat deem ee vu menge Kollegen aus der Redaktioun déi läscht Woch bei mech koum. Dat wier dach eppes fir dech a fir d'Marie bei M&M's.
Spontan hunn ech iwwer dee Pressetext gelaacht. Hunn ech do eng Bildungslück, oder kréien d'Männer wierklech Täschegeld a Japan.
Jo. Vun hirer Fra. D'Fra am Stod, déi zwar net schaffe geet, awer déi d'Sue verwalt an déi decidéiert wéi vill se hirem Mann all Mount gëtt. Sue fir dass dee Mëttes kann iesse goen, Owes säi Béierchen no Feierowend kann drénken, seng Handyrechnung bezuelen, eng Zeitung kafen, Kleeder oder sech soss seng Hobbye ka finanzéieren.
Virun der Wirtschaftskris 1989 a Japan huet de Mann gutt kënne liewe mat ronn 76.000 Yen, eiser Euroen 650 de Mount.
Eng Etude vum Shinsei Finanz-Institut a Japan huet gewisen, dass dat Täschegeld am Joer 2011 nach just bei ronn 310 Euro loung.
Déi neist Ëmfro zu Tokyo huet erginn, dass d'Moyenne vum Männertäschegeld aktuell bei 334 Euro de Mount läit. Do muss ee keng schwéier Rechnung maache fir op ronn 10 Euro den Dag ze kommen, déi de Mann a Japan huet fir ze liewen.
An dunn hunn ech weider um World Wide Web gesicht wou mer jo all duerch eise Computer an der Welt verbonne sinn. Och mir emanzipéiert Fraen an déi knapp gehale Japaner. A Foren tauschen d'Männer sech aus. Deen ee schreift, hie géing ëmmer schonn eng Statioun éischter aus dem Zuch klammen an de Rescht zu Fouss Heem goe fir d'Sue vum Transport ze spueren. Een aneren huet uginn, dass hie ganz géing op säi Mëttegiesse verzichten fir e puer Kröten ze hunn an net ëmmer mussen nee ze soe wann et heescht, dass si zu e puer géingen eppes drénke goen. Enger aktueller Ëmfro vun der Zeitung 'Shukan Bunshun' no zum Thema, schumme vill Männer sech well se sech ëmmer rëm nei Ausriede mussen afale loosse well se kee Frang hu fir e Patt mat Kollegen ze huelen.
Op Dauer wier dat knappt Täschegeld schlecht fir d'Economie well d'Suen net ënner d'Leit kommen, schreift déi japanesch Finanzexpert Yoko Hanawa. Si präziséiert och: d'Männer géinge sech hir Chancen am Beruff verbaue well se sech mol net kënnen e Buch leeschte fir sech weider ze bilden. Sortien ausserhalb vum Betrib, déi wichteg wiere fir a Japan d'Karriärsleeder erop ze klammen géingen och flaach falen.
Sou decidéiert d'Finanzministesch doheem, wéi d'Japaner hir Fra nennen, wéi wäit Spréng hir Männer kënne maachen.
Ech wollt déi Traditioun vun de Japaner bewosst net kommentéieren, mä just drop opmierksam maachen, dass et esou an der aler Welt ausgesäit, well, vläit hat nach een déi nämlecht Bildungslück wéi ech.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.