Apropos vum Gérard FloenerVëlospisten (Konklusioun)

Op de Stroossen ass der Däiwel lass. Net nëmmen Automobiliste kënnen ee Lidd dovu sangen, wéi een Impakt déi sëlleche Schantercher den Ament un. Och um Vëlo ass een domat am Alldag ëmmer nees geplot, wéi de Gérard Floener festgestallt huet.

05/07/2015 Apropos: Vëlospisten (Konklusioun)



Virun 2 an enger hallwer Woch sinn ech, wéi ech nees mam Vëlo schaffe komm sinn, vun enger Cyclistin um Rond-Point Schuman ugehale ginn. Si sollt deen nächsten Dag beim Ironman 70.3 un den Depart goen, an huet no enger Méiglechkeet gesicht, fir nach eng Stënnchen mam Vëlo ze rullen. Wou een dat da menger Meenung no kéint maachen?

Fir mech wor d'Äntwert séier kloer: Op déi national Piste Cyclable Nummer 2, Richtung Iechternach. Do kann ee relax rullen, wann ee bis laanscht de Schantjen vum Tramsschapp ass, an zu all Abléck einfach ëmdréien. An et brauch ee sech keng grouss Gedanken driwwer ze man, wou et dann higeet, well jo iwwerall Schëlter hänken, déi de Wee weisen.

Hat ech geduecht. An du séier geléiert, datt d'Realitéit mat de Schantercher eng ganz aner ass, an op Vëlospisten Informatiounen an Deviatiounen éischter rar geséint sinn.

Dat huet schonn hannert den Tierm am europäesche Quartier um Kierchbierg ugefaang. D'Schëlter op der Kräizung bei den Tierm weisen do iwwert den Trottoir a Richtung Coque. Just datt ee wéinst dem Tramsschantjen do net weider kënnt, den Trottoir ass op der Héicht vum Hotel zou, ouni datt dat virdrun annoncéiert gi wier!

Also d'Strooss erof, laanscht den Hotel an dann do erop bei d'Coque. Quetschen och, déi Strooss wor och no e puer Meter gespaart, allerdéngs wor do den Trottoir, deen och als Vëloswee huet dierfe genotzt ginn nach op. Hannert der Coque koum dunn déi nächst Iwwerraschung. Dee breede Wee, deen och als Vëloswee vun der Coque bis bei d'Uni Lëtzebuerg an d'Europaschoul geet, wor och gespaart, och nees well deen nei gemaach ginn ass. An nees eng Kéier stoung néierens ee Schëld, dat engem scho virdrun eng Deviatioun proposéiert hätt.

Um Enn hate mir et bal bis bei d'Ausstellungshale gepackt, wéi déi schwäizer Cyclistin mir frëndlech Merci fir meng Méi gesot huet, a gemengt huet, si géif elo nees zeréck fueren, soss géif et mat der Zäit awer knapp ginn. Kee Wonner, mir woren du schonn eng hallef Stonn ënnerwee, fir eng Distanz, déi een ouni dat ganzt Gedeessems an 10 Minutte ka fueren. A wa schonn direkt no der rouder Bréck eng Deviatioun gestanen hätt, da wier och dee Wee méi séier gewiecht. Mä déi Informatioun wor net do, nach net.

Villäicht dauert et just nach eng Zäitchen, bis bei der Organisatioun vu grousse Schantercher och un Deviatiounen fir d'Mobilité Douce geduecht gëtt. Datt et awer mat ganz klenge Schrëtt weider geet fir och d'Vëloen méi elegant an d'Stroossebild ze integréieren, gesäit ee bei de Presentatioune vum PAG an der Stad, och wann do nach vill Detailer op stinn. Mat den neie Vëlospisten déi grad entstinn geet et och virun, wann de Schantjen vum Tramsschapp bis esou wäit fäerdeg ass, gëtt zum Beispill eng nei Pist vun Dummeldeng op de Kierchbierg ageweit, déi u sech scho fäerdeg ass. Da sollen och Schëlter zu Dummeldeng an um Kierchbierg weisen, datt et déi gëtt. A muer an enger Woch ass an der Stad fir déi éischte Kéier eng Promenade à vélo an der Stad, fir d'Stad an déi grouss Stroossenaxen mam Velo ze entdecken.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.