Apropos vum Christiane KremerNation-Shouting

Portugal ass Fussball-Europameeschter! An Island ass den Europameeschter vun den Häerzer! Dat ass de Fazit vun dem EURO 2016. Sou gesinn et allgemeng d'Commentairen, déi elo op d'Fussball-Event zeréckkucken. Mä Portugal an Island sinn iergendwéi nach méi, vrun allem fir eis Lëtzebuerger, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.

Déi eng, d'Europameeschter en titre, sinn eis sou no, liewe matten ënnert eis a weisen an drécken hir Freed an hir Begeeschterung mat Gesank a Getuuts aus. Dat gefält net ëmmer jidderengem, mä mir kënne jo einfach matfeieren, sou wéi a Frankräich bei de leschte Matcher och déi verschidde Fans einfach zesummegefeiert hunn. Eent vun de schéine Biller vun dëser Europameeschterschaft, déi leider mat vill manner friddleche Momenter ugefaangen huet a mat der permanenter Angscht, do kéint awer nach eppes passéieren.

Och déi aner, déi heemlech Europameeschter, sinn eis esou no, obwuel se sou wäit ewech sinn. Mir verstinn se sou gutt, obwuel se eng ganz aner Sprooch schwätzen. A mir beneiden se, well se, wéi mir, bei de Spiller vun de klenge Länner derbäi sinn an awer bei de Grousse konnte matspillen an esouguer mathalen. A wa Klenger déi Grouss sou fäerten dinn, dann ass ëmmer bei deenen, déi nokucken, Freed am Spill an och e bëssi Schadenfreude, fir et op Däitsch ze soen.

Trotzdem taucht besonnesch bei Klenge wéi eis d'Fro op: firwat da si a mir net? Wat kënne se da besser, wat maache se besser? Ëmmerhi si mir zu méi wéi si, hunn d'Finanzkris wuel besser iwwerstane wéi si, gesi méi laang d‘Sonn wéi si- obwuel dëst Joer sinn ech mer do net sou sécher. Mir sëtze matten dran an Europa a si uewe ganz eleng iergendwou um Wee tëscht Europa an Amerika. Ma grad dat ass et wuel, sou gouf et och op de Kulturassissen d'virlescht Woch gesot, well och do war d'Beispill Island en Thema. Si musse jäizen a ruffen a wénken an op sech opmierksam maachen do am Norden, fir datt jiddereen et och matkritt an dat op all Gebitt. Am Sport hu se, wéi d'finanziell Situatioun nach besser war, schonn an hir Basis investéiert, an hir Jugend z.Bsp. mat professionellen Trainer, haut sinn hir Spiller als Profi am Ausland placéiert.  D'Resultat war elo europawäit ze gesinn an ze héieren: mat deem Schlachtruf, deen entretemps jidderee kennt an nomécht, wat um Enn e grandiosen Hommage un Island ass.

Dat ass Nation Branding - oder nennt een dat elo Nation Shouting?

Apropos: Nation Shouting



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.