Apropos vum Marie GalesStéier a Mënsch

Kennt Dir d'Kannergeschicht vum Ferdinand de Stéier, vum amerikaneschen Auteur Munro Leaf?

© rtl.lu
Kennt Dir d'Kannergeschicht vum Ferdinand de Stéier, vum amerikaneschen Auteur Munro Leaf? 1936 hat hien dës léif kleng Geschicht vun engem Stéier geschriwwen, dee léiwer Blumme geriicht huet wéi an enger Arena géint en Torero ze kämpfen? Dat war net de Fall fir dee Stéier, deen de leschte Samschden e Matador bei engem Stéierkampf a Spuenien déidlech blesséiert huet, d'Marie Gales huet sech dozou e puer Gedanke gemaach.
Apropos Stéier a Mënsch


500 Kilo hat de Stéier, deen den 29 Joer jonke Mann an der Arena zu Teruel opgespiisst huet; duerch säin Häerz wier dem Déier säi Har gaangen. Keng Chance fir ze iwwerliewen! De Schreck ass grouss, dee leschten doudege Matador gouf et 1985! An elo erëm...oje.. wéi konnt dat geschéien?!
D'Léisung ass simpel: 500 Kilo, Déier a Mënsch, deen zeckt. Dat geet meeschtens schif aus fir de Mënsch, wann de Kampf fair ass. Ma dat ass eng Corrida net, de Stéier gëtt jo mol nach dronke gemaach a gepisaakt, ier de Matador ass net deen eenzegen bei dësem bluddegen Dreiwen, do ginn et nach vill anerer wéi d'Novilleros, Banderilleros a Picadores etc, déi schonns d'Déier péngechen, ier de Matador kënnt a mat sengem rouden Duch ronderëm fuchtelt an déi grouss Éier huet, dem Stéier den Doudesstouss dierfen ze ginn, wann d'Déier dann net méi flénk ass, wéi elo déi lescht Woch.

Ech war dacks a Spuenien an der Vakanz a konnt deemools net an kann haut nach ëmmer net verstoen, wat un enger Corrida also engem Stéierkampf soll gutt sinn. Kommt mir net mat aler Traditioun, a Spuenien an Andalusien war dat nach ëmmer sou!
Firwat muss e Mënsch sech mat engem Déier moossen an da fir seng Eleganz um Sand an der Dominanz iwwert de Stéier gelueft ginn, ier de Matador zoustécht an dann applaudéiert gëtt.
Nokucken wann en Déier doud gemaach gëtt...ass dach schlëmm!
Mir deet natierlech och dee Mann leed...mee bon...dem Stéier seng Iddi war et jo net fir dee Spektakel do ze veranstalten.

Mä bleiwe mir och a Spuenien, all Joers fille sech Honnerte Mënschen bemol beruff fir e puer Minutten Torero ze spillen a lafen dann am spuenesche Pamplona mat Stéieren duerch enk Gaassen. All Joers ginn et do Blesséierter an och Doudeger..op der Säit vun de Mënschen.
Fir d'Déier interesséiert ee sech éischter net, spéitstens an der Corrida geet et drop oder muss doud gemaach ginn, well et sech d'Been um Pavé gebrach huet beim Lafen.
Déi Männer, an der Haaptsaach Männer an Touristen, wieren op der Sich no engem Adrenalinschub wa se do mat rouden Dicher virum Stéier wénken an dann mat deem matlafen.

Ech hätt nach eng besser Iddi fir e Kick, sech einfach mat engem Krokodil, engem Äisbier oder enger Cobra an eng Këscht späre loossen, dat gëtt richteg vill Adrenalin!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.