Apropos Marie Gales50 Millioune Kanner op der Flucht

Ëmmer méi Kanner lafe viru Krich an Aarmut fort, steet am Rapport vun Unicef, d'Marie Gales huet sech doriwwer Gedanke gemaach.

© rtl.lu
Eng onvirstellbar Zuel, bei där et engem kal de Réck erofleeft! 50 Millioune Schicksaler, déi ënnerwee sinn an Angscht an an Ongewëssheet.
Ech kréien eng immens Roserei op all déi, déi an iergendenger klengster Form mat dem Schicksal vun deene Kanner ze dinn hunn. Iwwerhaapt kann ech net verstoen, firwat een als erwuessene Mënsch engem klenge Mënsch sou eppes kann undoen! An engem Krich oder Konflikt sinn et si, déi als éischt Schied dovunner droen. Dorunner misst ee vläit denken, wann ee e Krich ufänkt.
Apropos 50 Millioune Kanner op der Flucht


Mech stéiert iwwerhaapt all Gewalt géint Kanner, sief et Ubierelen, Draschloen, psychesch Gewalt, sech net ëm se bekëmmeren an dann och nach Bommen erofgeheien!  Et brécht mir carrément d'Häerz wann ech dës 50 Millioune kleng Mënsche gesinn, op Fotoen a Reportagen, déi hiert Doheem, hir Famill a Frënn hu misse verloossen, fir séier hiert Liewen ze retten. Ech stelle mir se och vir, wéi se fäerten, well se net wësse wat lass ass; déi, déi an Zelter setzen a waarden fir dass et eng Kéier besser gëtt. Däbbessen, déi sou vill goe mussen, dass hir Féiss se net méi droe kënnen, an hongereg an duuschtereg sinn. Kanner, déi sou vill Ellenes gesinn hunn, dass et dofir mol keng Wieder ginn. An da ginn et nach déi, déi ganz eleng op der Flucht sinn, déi agespaart ginn oder op der Flucht verschleeft goufen a kee Mënsch fënnt se méi erëm.

De Kannerpsycholog Gilbert Pregno sot eng Kéier op dëser Antenne, dass dat Wichtegst fir e jonke Mënsch Sécherheet ass. Dovunner ka bei deenen 50 Millioune Kanner sécher net méi riets goen. Ech hunn an deem Zesummenhang och schonns vu ''Lost Generation'' gelies, also vu Verluerener Generatioun. Jo, wat soll aus Kanner ginn, déi schonns jorelaang näischt Aneschtes kennen wéi Krich, Gewalt, Aarmut, Fortlafen an Angscht?!

De Méinden an Dënschden nächst Woch ass zu New York e Spezialsommet zum weltwäiten Flüchtlings-a Migratiounsstroum, och Unicef ass do present an presentéiert déi aktuell Daten iwwer Kanner op der Flucht.

Ech setzen do op all déi Erwuessen un der Muecht, déi -hoffentlech- selwer eng schéi Kandheet haten an déi dat net vergiess hunn!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.