Apropos vum Christiane KremerHausaarbecht

D'Vakanz läit an hire leschten Zich an d'Rentrée bréngt net nëmmen de Schüler nees den „Eescht vum Liewen“. Sou muncheree freet sech no engem Congé och vläicht fir nees an den Tratt ze kommen an zu aneren Obligatiounen Distanz ze kréien, zum Beispill zu der Hausaarbecht. Christiane Kremer.

Och d'Aarbecht doheem muss gemaach ginn, benevol an ouni Paie, ausser et engagéiert ee sech eng Hëllef dofir. Mä och dann, ass nach ëmmer eppes ze dinn am Haus. An de leschte Joerzéngte war dat haaptsächlech d'Aarbecht vun de Fraen, déi doheem bliwwe sinn a sech ëm Haus a Kanner gekëmmert hunn. Kloer, datt si dann do och Fra a Meeschtesch waren. De Mann huet jo musse kucken, datt d'Suen an de Stot koumen.

Haut huet d'Welt sech geännert, meeschtens geet een zu zwee schaffen, bréngt zu zwee Suen, jo a kloer, muss een dann och doheem zu zwee eng Hand upaken, oder? Oder awer net? Ass d'Hausaarbecht nach ëmmer de Beräich vun engem?

Neen, beleet eng Etude vun zwee Wëssenschaftler vun der Uni vun Oxford, déi elo an der Zäitschrëft „Demographic Research“ publizéiert gouf.  Si hu sech d'Daten iwwer 50 Joer an 19 Länner am Detail ugekuckt a festgestallt, datt iwwerall d'Dauer vun der Hausaarbecht bei de Fraen erof a bei de Männer an d'Luucht geet.

Beim Wäschen, Botzen, Akafen a Kache sinn d'Fraen an de Minutte pro Dag wuel nach ëmmer méi agespaant wéi d'Männer, mä den Ënnerscheed gëtt awer ëmmer méi kleng.

Déi fläissegst Hausmänner sinn iwwregens d'Norweeger mat 72 Minutten den Dag vrun den Australier mat 64 Minutten. Dogéint verbréngen déi amerikanesch Frae mat 117 Minutten am mannsten Zäit mat Hausaarbecht.

D'Grënn firwat d'Männer doheem méi upaken, si reng spekulativ: si verbrénge méi Zäit doheem a gesinn d'Aarbecht éischter, hir Frae stellen se méi dacks un oder si mengen si kéinten et besser. Besonnesch Pensionnéierter fannen dacks an der Hausaarbecht eng nei Aufgab a probéieren um Enn alles anescht z'organiséieren.

Rechent een d'Zäite vu Fra a Mann zesummen, kënnt allerdéngs eraus, datt fréier allgemeng méi Zäit fir Hausaarbecht gebraucht gouf. Dat kënnen déi besser Haushaltsgeräter sinn, d'verännert Schaffzäiten oder vläicht eng aner Haltung: bei all Drock a Stress am Liewe muss jo net all Stëbskär direkt mam Staubsauger gejot ginn an net all Spullmaschinn direkt ausgeraumt. Méi knaschteg oder méi liddereg si mer dofir bestëmmt net.

Apropos: Hausaarbecht



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.