Apropos vum Yann LogelinDéi deeglech Routine

De Yann Logelin huet sech, a sengem Apropos vun haut, mat der deeglecher Routine, déi eis Dag fir Dag fänke kann...

Wat een natierlech net ëmmer glécklech mécht, mä ech si mer sécher, dass deen een oder anere vun iech deen Zeenario hei selwer kennt. Moies geet de Wecker, da geet et an d'Dusch, d'Kaz gëtt gefiddert, de Mupp spadséiert. Duerno drénkt een nach séier eng Taass Kaffi, wäscht d'Zänn, sëtzt sech an de Bus oder Auto, fir all Dag op deene selwechte Plaze mam selwechten Zéifloss konfrontéiert ze ginn. Et kënnt een op der Schaff un, do gëtt et eventuell nach e Kaffi, ier dann do déi deeglech Routine ufänkt an een net méi lassléisst bis den Dag esou gutt ewéi gelaf ass.

Ech si mer en plus sécher, dass deen een oder aneren alt och emol vun dëser Routine genervt ass, frou ass am Summer e puer Wochen draus ausbriechen an den Dagesoflaf aneschters ze gestalten, mä spéitstens mat der Rentrée geet de gewinnten Tratt dann nees vu vir lass, ass een nees gefaangen am Alldag mat all senge Contrainten, Verflichtungen a Suergen.

Dobäi kommen dann och nach, déi par Rapport zum Summer, däitlech manner laang Deeg. Manner Luucht gläich manner Freed gläich nach méi Routine. Wann dat iech keekst, op d'Nerve geet an iech deels melancholesch u besser Zäiten, mat manner Routine, méi Fräiraum a Spontanitéit denke léisst, wann iech awer kee Wee, keng Pist a Méiglechkeet afält fir den deeglechen Train-Train ze duerchbriechen an nees méi Ofwiesslung an den Dag oder esouguer d'Liewen ze bréngen, da kann iech villäicht en Ausfluch an déi griichesch Mythologie hëllefen.

D'Geschicht vum Sisyphus, Kinnek vu Korinth a Bouf vum Aiolos, ass iech villäicht e Begrëff. Well en net stierwe wollt, entgeet hien dem Doud e puer Mol op raffinéiert Aart a Weis, fir zu gudder Lescht dann awer vum Hermes an d'Ënnerwelt gezwongen ze ginn. Hei ukomm muss de Sisyphus Dag an Dag aus e Fiels de Bierg eroprullen, deen ëmmer nees, wann de Sisyphus e bal do uewen huet, nees zeréck an d'Dall rullt. Eng fuerchtbar Aufgab, déi zu enger fuerchtbar langweileger Routine ka ginn.

Mä stellt iech einfach emol vir de Sisyphus wier e gléckleche Mënsch …

Da ka keng deeglech Routinen an deeër een eventuell gefaangen ass wierklech tragesch sinn, de Fall gesat de Sisyphus ass wierklech glécklech.



22/09/2016 Apropos: Déi deeglech Routine


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.