Apropos vum Roland KaltéApp App Hurra!

Datt alles richteg gutt klappt am Liewen, am Beruff am Alldag, dofir brauch een déi néideg Organisatioun. A fir datt déi klappt, muss een haut emol keen Talent hunn, mä eppes ganz anescht. De Roland Kalté weess wat.

Si sinn do, wa mer owes schlofe ginn, si sinn do, wa mer mueres opstinn. Si wëssen, wéi d'Wieder gëtt, wat mer mussen undinn. Si soen, wat mer sollen iessen, wa mer hongreg sinn. Si kennen eis Hobbyen, eis Frënn. Esouguer bei der Sich no der Léift hëllefen se.

Ech menge nit eis Mammen, obwuel déi jo och dacks d'Fangeren iwwerall wëlle mat am Spill hunn... bonjour Jugend, gell dir. Neen, neen - ech mengen déi, déi eist Liewen wéi soss keen iwwerblécken. Ech schwätze vun den Apps op eise Smartphonen. An all Dages- a Nuechtzäit. Fir all Lieweslag, ëmmer do, ëmmer prett. Schlëmmer wéi déi schlëmmste Mamm. Si ënnerstëtzen eis, wou se kënnen. A si kënnen iwwerall. Si sinn ëmmer fir eis do. Si ginn eis d'Gefill, dass mer d'Liewen am Grëff hunn. Oder hu si eis am Grëff? Ech géing soen, éischter esou.

Si mer nit vun hinnen aafhängeg? Statt eis Mamm, déi ëmmer dat Bescht vun eis wollt, féiert elo eise Smartphone durch d'Liewen. An deem ass et pupegal, ob et eis gutt geet, ob mer nach verstinn, wat dobausse leeft, ob mer nach selbststänneg kënnen dénken, urteelsfäheg sinn, ob mer eis och nach erëmfannen, wann den Akku emol platt ass, ob mer nach op eege Bee kënne stouen, Responsabilitéiten, Decisioune selwer huelen.

Komësch, wat si mer, wéi mer jounk waren, ob d'Barrikade gaang, bonjour Pubertéit. Wou ass eis Rebellioun géint déi schläichend Onfräiheet do? Wuer bréngt s eis hinn?

Mä - egal wat kënnt, ... there's bestëmmt en app, och fir that? Bestëmmt!

Apropos: App App Hurra


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.