Apropos vum Gibbes BertoloD'Hand virum Mond

Et soll ee sech ëmmer gutt iwwerleeë wat ee seet. Well hautdesdaags gëtt jo bekanntlech all Wuert op d'Goldwo geluecht. Och déi, déi een net héiert

"Häls de wuel deng Hand virun de Mond!" sot meng Mamm ëmmer zu mer wéi ech kleng war. Beim Houschten, Néitschen a Gaapsen. Dat hat mat gudde Manéieren ze dinn, mam Respekt virun deem vis-à-vis. U sech ass dat jo och haut nach ëmmer d'Praxis. Ech weess awer och nach, datt ëmmer gesot gouf: "Et schwätzt een net mat der Hand virum Mond". Dat allerdéngs huet an der rezenter Vergaangenheet radikal geännert.

Net nëmmen, awer vrun allem Foussballer a Politiker kommunikéieren ënnertenee ëmmer méi dacks hannert virgehalener Hand. Neen, si sinn net iere midd oder krank, hunn och net onbedéngt faul an ellen Zänn an och kee Mondgeroch. Si hunn Angscht. Angscht virun deenen, déi sech "Lëpselieser" nennen. Leit, déi also un Hand vun de Beweegunge vun de Lëpse visuell erkenne wat geschwat gëtt. An dat si meeschtens Saachen, déi keen eppes uginn. Déi net fir Mikro oder Kamera geduecht sinn. Wat erzielt de Ronaldo an der Paus sengem Trainer, wat kritt d'Hillary no enger Ried vun hirem Bill an d'Ouer geflüstert? Staatsgeheimnisser oder privat Belanglosegkeeten? D'Konkurrenz lauschtert, resp. kuckt mat. An den USA beispillsweis schaffe professionell Lëpselieser an der Football-Liga NFL fir d'Equipe an d'Taktik vum Géigner auszespionéieren an eventuell déi nächst Aktioun kënne virauszesoen. Allerdéngs gëtt ugeholl, datt nëmme knapp 40% vun deem Gesoten och effektiv via d'Lëpse kann interpretéiert ginn. Et ass ëmmer nach eng Konscht a keng Wëssenschaft.

Ech fäerte ganz, datt mer deem Spektakel nach laang mussen nokucken. An eis noutgedrongen dann och all Kéiers selwer bei der Fro ertappen, wat déi zwee dann do elo grad mateneen diskutéieren. Eppes, wat engem bis dato esou laang wéi breet war.

Et ass wéi sou dacks: wann aus engem Trend Moud gëtt, féiert kaum méi e Wee zeréck. Wie sech ongefiltert ausdréckt, riskéiert sech de Mond ze verbrennen. Op eng gewësse Manéier kann een dat souguer novollzéien.

Mä wann enges Daags d'Hand virum Mond net méi duer geet? Wat ass déi nächst Etapp? Eng Mask? Oder en Duch? Net auszedenken ...

Apropos




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.