Apropos vum Bea KneipAlles an Echtzäit

Ëmmer live dobäi sinn, alles am A hunn, Informatiounen iwwerall an zu all Moment ofruffe kënnen, dat ass haut fir eis selbstverständlech. D’Bea Kneip mécht sech am Apropos vun haut esou seng Gedanken doriwwer.

29/09/2016 Apropos: Alles an Echtzäit
.



U sech wollt ech just kucken op e Fliger géif pünktlech ukommen, eng Informatioun déi ee jo hautdesdaags um Site vun all Fluchhafen mat engem Klick fanne kann. Mä net nëmmen dat, e klenge Knäppchen nieft der Fluchnummer huet mer nach e weidere Service offréiert: “Track flight” stoung do, an domat konnt ech gewuer ginn, wou genee de Fliger dru wier, wéi séier e géif fléien an a wéi enger Héicht. Ech konnt also praktesch matfléien, gefeelt huet just d’Kamell déi ee gemengerhand virun der Landung kritt. Natierlech, sou en "Track flight" Knäppchen  ass zwar flott, mä an eiser haideger vollinformatiséierter Zäit, rappt dat jo eigentlech kee méi vum Stull. Ma ech ginn zou, ech war dovu faszinéiert. E Fluch iwwert den Atlantik dauert haut just e puer Stonnen, mä nach bis an d’19t Jorhonnert eran war et eng Rees vun e puer Wochen. A logescherweis hunn och Neiegkeete laang gebraucht, dacks genuch waren se scho guer net méi aktuell, wann se da bis ukomm sinn. Dat huet sech eréischt 1858 mat dem éischten transatlantesche Telegraphekabel geännert, sécherlech en historesche Moment. Vun do un goung et ganz séier. 1969 krute mer ewell live-Biller vum Mound heem an d’Stuff geliwwert, an haut gi mer schonn ongedëlleg wann eng Säit um Internet e puer Sekonne méi laang brauch fir ze lueden. Mä u sech hu mer kee Grond eis ze bekloen. Vill, wann och net all, Informatiounen si grad emol e Mausklick wäit ewech, et huet ee wuel keng Excuse méi fir eppes net ze wëssen. D’Fro ass, wat maache mer mat all deenen Informatiounen? E Koup Fakten viru sech ze hunn, ass eng Saach, mä se wierklech ze verstoen, anzeuerdnen an am Zesummenhang ze  gesinn, ass eng ganz aner Erausfuerderung.  Aus der Lawin vun Neiegkeeten, déi all Dag iwwert eis ewechrullt, dat erauszepicken wat tatsächlech wichteg ass, an dann och nach richteg Informatioune vu falschen z’ënnerscheeden, a méi nach, eventuell de verstoppten Agenda hannert dëser oder der Geschicht erauschnupperen ze kënnen, dofir brauch een eng gutt Nues. Keng Fro, déi modern Kommunikatiounstechniken maachen eis villes méi einfach a sinn aus eisem Liewen net méi ewechzedenken. Et kënnt just drop un, wéi mer se benotzen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.