Apropos vum Gérard FloenerSchoulbicher

Gratis Schoulbicher am Lycée, esou wéi dat elo schonn an der Grondschoul de Fall ass. Eng Iddi, déi dem Gérard Floener net onbedéngt gefält...

04/10/2016 Apropos: Schoulbicher



Déi finanziell Vir- an eventuell och Nodeeler dovu loossen ech bewosst op der Säit, dorëms geet et mir net. Villméi fäerten ech, datt sech do een aalt Sprachwuert konfirméiert: "Wat näischt kascht, dat ass och näischt!"

Dat woren op alle Fall meng Gedanke wéi ech dat héieren hunn. Well no der Rentrée hunn ech mat menge Kanner hir nei Schoulbicher gekuckt, déi si fir näischt an der Grondschoul kritt hunn. Mir hu just dra gebliedert, mä schonn op där éischter Säit déi ech opgeschloen hunn, ee Froebou bei deem ee Kand teste kann ob Tierpfleger dee richtege Beruff fir et ass, stoung ee Feeler: "Beispiesweise". Och wann haut déi mannst Verlagshaiser sech nach ee Korrekter leeschte wëllen, ass dat eng Zort Feeler déi ee mat engem Spellchecker liicht evitéiere kann. Deen ënnersträicht dat Wuert, an da brauch ee just dorop ze reagéieren. Een "l" ka jo net esou deier sinn!

Een zweete Feeler wor am Arbeitsheft. Do steet: "Wenn die Schwierigkeiten hast, musst du wieder von vorne beginnen".
© Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

U sech sollen d'Schoulbicher mam beschte Beispill virgoen. Mir verlaange jo och gutt Resultater vun eise Kanner, an datt si esou mann Feeler ewéi méiglech maachen. Wat fir ee Beispill sinn dann do Schoulbicher, déi voller Feeler stinn?

Ass dat kengem opgefall? Déi Bicher sinn net nei um Programm, mä d'Feeler sinn net verbessert ginn.

Gutt, jiddweree mécht mol ee Feeler. An datt d'Bicher dofir net direkt mussen zeréckgezunn an nei gedréckt ginn, verstinn ech och. Mä de Minimum wier een Erratum vir am Buch, mat deem op d'Feeler higewise gëtt. Esou kennen ech dat aus menge Lycéesbicher, déi deemools net gratis woren.

Firwat gëtt dat hei net gemaach? Villäicht well deen Erratum esou déck ewéi een neit Buch géif ginn? Well wéi vill Feeler stinn an engem Buch, wann een duerch een zoufällegt opschloe vun engem Buch op enger Säit direkt ee Feeler fënnt? An dat bei engem zweete Buch widderhuele kann? Wéi kleng ass d'Probabilitéit, datt dat just een Zoufall wor?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.