Apropos vum Sandra MélanDéi grouss Auswiel

Hautdesdaags hu mir sou vill Auswiel u Liewensmëttel wéi nach ni. Huet dat nëmme positiv Säiten? Dem Sandra Mélan seng Iwwerleeungen.

An der haideger Gesellschaft hu mir an de Supermarcheeën sou vill Choix wéi nach ni: sief et déi verschiddenst Geméiszorten oder déi vill  Uebstzorten. Wat méi wat besser. Déi Rayon’en lackelen de Keefer jo richteg un. Och am Fleeschrayon ass d’Auswiel risegrouss. Musse mir déi effektiv ëmmer hunn?
Wéi ëmmer, gëtt et och hei eng aner Säit vun der Medail: Fleesch wat net méi gutt ass, Gëft an de Chipsen, Pestiziden am Geméis an Uebst. Dee battere Bäigeschmaach hunn ech och, wann ee gesäit wéi Déiere musse leide bis se da geschluecht ginn.
E Schluechthaus an Däitschland huet an engem Interview zouginn, datt bei hinne krank Organer a Kierperdeeler vun de Schwäin einfach ewechgeschnidde ginn. De Rescht géing da ganz normal verkaaft ginn. An dobäi wier all 3. Schwäi krank....
Ëmmer erëm héiert ee vun deene grujelege Konditiounen, ënnert deenen d’Schwäin, Hénger a Kéi gehale ginn. Et hänkt sécherlech och um Drock wëll ëmmer manner bezuelt gëtt fir Mëllech a Fleesch. Drock fir sech ënnert deene Konditiounen awer iwwer Waasser kënnen ze halen. D’Ziel ass jo fir sou vill wéi méiglech ze produzéieren fir dovunner kënnen ze liewen. Dorënner leiden da ganz oft Déieren.
En anert Beispill sinn déi zum Deel ongesond Zousazstoffer, déi bei Liewensmëttel bäigemëscht ginn. Domadder sollen déi sech méi laang halen respektiv méi en intensive Goût kréien.
Mee si mir Konsumenten net och iergendwéi mat Schold drun? Wa mir net misse permanent sou eng därmoosse grouss Auswiel vu Produkter am Buttek hunn. Vläicht hëlleft et jo wa mir eis Astellung e wéineg géingen änneren. Dat heescht wa mir manner Quantitéit verlaangen, da kann dat positiv Auswierkungen op d’Qualitéit hunn. Op d’Liewensqualitéit vun den Déieren an och op eis.
Apropos vum Sandra Mélan
.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.