Apropos vum Rich SimonZänndokter

Et ass wuel kee vun eis dee gäre bei den Zänndokter geet. Och net de Rich Simon. Am Apropos vun haut erzielt hien eis iwwer seng Visite bei sengem Zänndokter. An ech mengen do erkennt jiddweree sech selwer rëm.

Ech weess net, wéi dir iech fillt, wann der musst bei den Dokter goen? Gäre geet ee jo net dohinner. Schliisslech huet ee jo iergendee Bobo, soss géif een jo net dohinner goen.

Anescht ass dat, wann ee bei den Zänndokter geet. Do geet ee jo an d'Kontroll, obwuel ee seng Bäisserscher net wéi huet. Mäin Zänndokter ass dee Medeziner, deen ech am dackste gesinn. Et ass awer och dee, bei deem déi mannsten Interaktivitéit op kënnt.

Dobäi si mir eis kierperlech immens no. Keen anere wullt mir esou vill am Mond, wéi hien. Keen anere kennt meng Salle à manger besser, wéi hien. An awer well kee Gespréich, keen Dialog opkommen. Wuel schwätzt hie während der Behandlung mat mir. Wat hien awer richteg seet, ass bal net ze verstoen. De Buerer leeft de Schlauch fir ofzesauge gëtt komesch Geräischer vu sech an dem Dokter seng Wieder ginn duerch säin Otemschutz esou filtréiert, dass ee souwisou bal näischt versteet. Alles dat mécht et net méi einfach, fir een Dialog opzebauen.

Dat schlëmmst ass awer, dass den Dokter och nach ëmmer Froe stellt, wou hie souwisou weess, dass hie keng richteg Äntwert ka kréien. Mat Buerer, Schlauch a Spigel am Mond schwätzt et sech eben net gutt. Déi eenzeg Méiglechkeet, déi een als Patient beim Zänndokter huet, fir ze äntwerten ass mam Kapp liicht ze wackelen an eventuell mat den Aen ze blënzelen.

Dee Saz, dee mir och immens beim Zänndokter gefält ass, dee wann hie seet; „Wann et wéi deet, da sot Bescheed“. An deem Saz ass dach e gewëssene Sarkasmus dran. Éischtens kann ee jo net schwätzen, well hien, den Zänndokter, mat allméiglechen Instrumenter amgaangen ass, am Mond ze wullen. Zweetens: Wann et wéi deet, dann ass et souwisou ze spéit.

Den Zänndokter an de Patient. Dat ass iergendwéi eng „Hassliebe“, wéi se déi Säit der Musel géife soen. Iergendwéi kann een net zesummen an et ass een awer een op deen aneren ugewisen. A 6 Méint ass et nees esou wäit. Da ginn ech bei hien, bei den Zänndokter. Ech freeë mech elo schonns op e flotten Dialog....

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.