Apropos vum Michelle ReiterWéini weess ech alles?

Als Kand mengt een déi Grouss hätten d'Wourecht mam Bräiläffel gefriess. D'Michelle Reiter ka sech nach ganz gutt erënnere wou hat sech als Kand ëmmer eng bestëmmt Fro gestallt huet.

13/10/2016 Apropos : Wéini weess ech alles?



An dat war ganz einfach d'Fro : Wéini weess ech alles? Wéini kënnt deen Dag vun deem un ech ëmmer, sou wéi déi Erwuessen, alles richteg maachen an op all Fro déi perfekt Äntwert weess? Sou nom Motto : nach eemol ginn ech schlofen an ass der Dag dann do.
Et war erstaunlech als klengen Däbbess. Ëmmer wann een déi Erwuessen eppes gefrot huet, dann haten déi eng Äntwert parat. A well, an de Kanneraen, déi Grouss ëmmer all Recht haten war et och logesch, dass een als Kand op dee 'weisen' Dag gewaart huet.
Iergendwann eng Kéier hat ech de Saz wuel vergiess. Aus mengem Gediechtnes gestrach. Oder war et mer awer vläicht onbewosst opgefall, dass awer net all Mënsch alles ka wëssen?
An der Tëschenzäit hunn ech scho vill intelligent Leit kenne geléiert. Eng Partie schlau Bicher gelies a mer déi verschiddenst Liewes-Theorien op d'Long gezunn. Awer ech hunn nach kee begéint deen alles wousst, wou alles richteg schwaarz op wäiss ze liese war a wou net Kritiker opgedaucht sinn déi anerer Meenung waren.
Firwat awer gleewe mer nach ëmmer zu sou vill op dëser Welt un déi kannereg Logik, dass et solle Mënsche ginn déi all Wëssen hunn, all Quiz gewannen, all Kricher op en Enn bréngen, all Aarmut verschwannen doen an dee gudden an dee richtege Wee gepacht hunn?
Amplaz sollt ee besser méi dacks u seng eegen Intelligenz gleewen. Virum akzeptéieren drun denken och ze préiwen wat ee gewise kritt, gesot oder proposéiert.
Well vläicht ass et am Endeffekt esou, dass och d'Kanner mol méi Recht hu wéi déi Grouss. Mä, alt erëm e Beispill. Och dee schéinen ale Sproch ass net ëmmer wouer, dass d'Kanner an d'Gecken ëmmer d'Wourecht soen


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.