Apropos vum Marie GalesHëllefsbereet

Apropos net wech kucken an hëllefen! D'Marie Gales kann och net maachen, wéi wann näischt wier.

© rtl.lu
Ech hat schonns mol viru Joeren eng Geschicht mat enger Dauf. Déi war an der Uelzechtstrooss, déi voll war mat Leit, an déi Dauf komm net méi u mat Fléien, well si ze schwaach war, si huet och sou ausgesinn an ass panesch duerch d'Géigend geflattert a gelaf. Ma keen ausser mir a menger Niece a mengem Neveu, huet dat interesséiert. Ech hat se dunn an eng Schongkëscht agepak, déi ech mir gefrot an engem Buttek hat an war mat hir an d'Déierestatioun op Diddeleng gefuer. Deemools war ech iwwerrascht, dass keen aneren op déi Iddi koum.
Apropos vum Marie Gales


De leschte Samschden war ech dunn um Parking vun engem grousse Supermarché hei am Land aus mengem Auto geklommen, wéi ech en Hond gesinn hunn do eleng stoen. An deem selwechte Moment ass en aneren Auto stoe bliwwen fir och nom Hond ze kucken. Eng Damm an hir Duechter hu sech grad wéi ech ëmgekuckt wiem de Mupp da kinnt gehéieren. No e puer Minutten hat ech dunn d'Iddi fir séier eran an de Supermarché ze lafen an iwwert de Mikro soen ze loossen dass do eben den Hond wier. D'Madamm sot, si géif da sou laang op den Hond oppassen a wa kee géif kommen, géif si probéieren den Hond an d'Déierenasyl ze féieren. Grad an deem Moment koum dunn dem Hond säi Meeschter ëm den Eck an de Mupp war frou.. d'Geschicht ass also gutt ausgaangen. A kléngt bestëmmt fir vill banal, dës zwou Déieregeschichten...

Fir mech wat et awer wichteg ze gesinn, dass déi 2 Dammen sech och fir eppes interesséiert hunn, wat si am Fong elo, grad wéi mech, net direkt concernéiert hat. Amplaz ze denken, engem säin Hond wäert et schonns sinn oder et fënnt sech bestëmmt een, dee bei deem Hond wäert stoe bleiwen, hu si och net wech gekuckt. Dat huet mech frou gemaach...an duecht mir, dass ech och soss op anere Plaze mäi Fokus op Leit misst leeën, déi hëllefen an sech fir anerer asetzen.
Amplaz vläit en Drama just als Drama ze gesinn, wat et awer och ass...keen Zweiwel, misst een de Bléck awer méi grouss opmaachen an och déi gesinn, déi eng Hand matupaken fir de Misère sou kleng wéi méiglech ze halen, och wann e risegrouss ass. Sief dat elo bei Accidenter, Mëssgeschécker, Krich oder soss wou et den Ament ellen ass.
Ech hu mir op alle Fall virgeholl, all déi méi genee ze kucken, déi op d'Plaze ginn, wou et net schéin ass an net wech kucken, mä sech concernéiert fillen an einfach hëllefen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.