Apropos vum Christiane KremerApropos Aleppo

Fréier waren et d'Erzielungen vun de Mënschen, déi gereest waren, haut sinn et d'Biller, déi eis friem Länner a Stied virstellen. D'Christiane Kremer bleift beim Apropos vun haut léiwer bei den Erzielungen, well d'Biller schwätzen eng aner Sprooch.

Ech wollt iech haut mathuelen op eng Rees, an eng Stad iwwer déi et esou vill z'erziele gëtt a wou sou vill z'entdecke wier. Ëmmerhin ass d’Stad schonn iwwer 4000 Joer al, eng vun den eelste Stied op der Welt.

Der Legend no huet hei den Abraham seng Kou gestrach an d’Mëllech un déi Aarm verdeelt, an ëmmer wann d’Mënschen sech begéint hunn, hu se sech d’Fro gestallt: Haleb Abraham, wat esou vill heescht wéi: huet den Abraham scho gestrach? Dorausser ass och der Stad hiren Numm entstanen.

Archeologesch Ausgruewungen hunn erausfonnt, datt ëm 1800 viru Christus hei am Stee geschafft gouf an datt et esouguer deemools eng Schoul fir Sculpteure ginn ass. Et goufe Léiwefiguren aus Basalt fonnt, déi wahrscheinlech zu engem Tempel gehéiert hunn.

D’Stroossen an d’Zitadell beweisen nach haut, datt d'Stad vu verschiddene Groussmuechten eruewert gouf: d’Perser waren hei, den Alexander de Groussen an d’Réimer, spéider d’Araber, d’Kräizritter, d’Osmanen a méi rezent souguer d’Fransousen. D’Stad krut en neien Deel an d’Alstad koum ënner Weltkulturierwen. E Bam dréit hiren Numm, eng Kifer, dee meeschtens kromm an héich an d’Luucht wiisst, den Harz gëtt fir de Retsina-Wäi geholl an de Som fir en tuneseschen Dessert.

De Shakespeare huet d'Stad am „Macbeth“ zitéiert, Händler hu fréier op der Seidestrooss hei Paus gemaach a gehandelt an de Suken oder de villen Betriber an do Produkter kaaft a matgeholl.

Ee vun dëse Produkter ass Seef. Si ass ganz natierlech, besteet zum Deel aus 100% planzlechem Olivenuelech an Lorberuelech ouni chemeschen Zousaz, ze recommandéiere fir Haut an Hoer an och fir d'Wäsch. Och d'Seef dréit den Numm vun der Stad, vun där ech schwätzen an iwwer déi sou vill Intressantes ze soe wier an iwwer déi sou Traureges gesot muss ginn.

Dës Stad heescht Aleppo.

"Apropos Aleppo"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.