Apropos vum Roland KaltéDe Siwwenzegsten

... oder eng Ried fir de ronne Gebuertsdag.

"So, kanns de mer nit esou eppes Witzeges schreiwe fir mäi Papp, du kanns dat jo, e kritt nächste Mount 70 Joer. 't muss nit vill sinn, weess de, esou eng kleng Ried, mer maachen him eng Feier, e bëssen eng witzeg..." huet vru kuerzem e Kolleg mer um Telefon gesot.

Oh! Hm, eng Ried fir e Siwwenzegsten, ... eng witzeg, ... an dobäi kennen ech de Mann emol nit. Wéi eng Zort Humor huet en? Versteet e mäi Spaass, mäi Witz?

An eng Ried fir e Siwwenzegsten ass anescht wéi fir e Fofzegsten oder Véierzegsten!

Wéi hunn ech emol eemol vum Peter Bachér gelies: "Bei 70 geet et scho méi haart erof, do ass de Sonnenopgank scho méi wäit ewech. Do fält d'Owesliicht just nach op d'Strooss vum Liewen. Wee 70 ass, deen huet d'Spill vum Liewen duerchkuckt, e weess, wou d'Grenze lafen!" An de Bachér muss et wëssen, deen ass Joergank 1927.

"Ech war nach nimools zu New York, si nach ni mat zerassenen Jeans duerch San Francisco gefatzt" soen, oder sangen déi eng.

An déi aner soen: "Ech brauch nit méi dohin, ass mer alles ze wäit ewech vu mengem Hausdokter wann eppes géing geschéien, 't weess ee jo ni!"

Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Déi eng, déi nit al ginn, esou wéi Jeans. Obwuel - déi scho genee duebel esou al si wéi mengem Kolleg säi Papp.

Ech mengen, ech schreiwen him eppes iwwer Jeans. Si ginn alt emol plazeweis e bëssi fatzeg, schappeg, esou wéi mer och.

Si gi méi blatzeg, d' Fuerf geet af, ofgenotzt eben, esou wéi mer och.

't ginn der mat Nitten, där hu mer och.

An da ka mäi Kolleg sengem Papp jo och nach esou eng Jeans schenken. Vläicht, fir dermat duerch San Francisco ze fatzen, wann hien ee vun deenen engen ass a nit vun deenen aneren


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.