Apropos vum Yann Logelin„Entweder oder“ oder awer „souwuel ewéi och“

Gedanken ob een ëmmer wiele muss ...

De Choix huet een an de Choix ass eppes wat mer vu Klengem u bäibruecht kréien, allerdéngs heescht Choix eng Entscheedung treffen, sech decidéieren, tëscht zwou oder méi Saache wielen. Entweder ech maachen dat oder ech maachen eppes aneschters ass eng vun de Méiglechkeeten, déi een am Liewen an Dausende Momenter huet, déi schéngs eist Liewen ausmaachen.

Scho kleng Kanner kréien dës Logik bäibruecht. Do ass et dann de „Jo“ an den „Nee“, den „Ei“ an de „Bäh“, deen eis fréi scho konditionéiert op eng Auswiel, mat där mer stänneg konfrontéiert ginn. Op en Ofweien tëscht gutt a schlecht, tëscht léif a béis, tëscht schéin an ellen, tëscht lénks a riets, wann een dann esou wëll.

Mä musse mer wierklech ëmmer wielen? Kann eppes Ellenes net och schéi sinn? Kann eppes Béises net och gutt dinn? Kann eppes Ronnes net awer aus onendlech villen Ecker bestoen?

An der Politik hätte mer sécher méi Konsens, wann all d'Parteien un der Regierung bedeelegt wieren, wéi dat, bis op vereenzelt kuerz Ausnamen, an der Schwäiz jo de Fall ass, an net déi eng oder déi aner. Beim Iessen hätte mer dann amplaz mussen de Choix tëscht Räis a Gromperen maachen, déi zwou Bäiluechten um Teller leien, wéi dat deels op der iberescher Hallefinsel gemaach gëtt.

An och privat kéinte mer sécher dovunner profitéieren, wa mer alleguerte méi de Konsens siche géifen, eng Balance fanne géifen amplaz eis dauernd selwer virun d'Wiel ze stellen, zemools an deene Momenter wou eis eng Decisioun net einfach fält oder wou mer riskéiere mat genee där Decisioun e Partner, e Kand oder e Frënd virun de Kapp ze stoussen.

Verstitt mech net falsch. Ech wëll net zum hemmungslosen Hedonismus opruffen. Ech wëll och op kee Fall, dass mer eis nach méi a Konsumwahn a Luxusproblemer, wat, wa mer éierlech sinn fir vill vun eis jo déi eenzeg reell Problemer sinn, mat deene mer konfrontéiert sinn, komplett verléieren, mä dass mer eis villäicht vun Zäit ze Zäit d'Einfachheet gënnen, ouni dass dës necessairement eppes kaschte muss, net ze wielen. De Choix e Choix sinn ze loossen an eis einfach béides, oder déi dräi oder méi Saache matenee gënnen, se alleguerte maachen amplaz eng op der Säit ze loossen an eis emol mental ze verwinnen. Eis et gutt goen ze loossen.

Deen Ament wou et eis nämlech gutt geet, gi mer och besser mat eis an eise Matmënschen eens, a wie weess, wann de Zwang ze wielen, net esou omnipresent an der Gesellschaft wier, wier eis Welt villäicht eng méi harmonesch mat manner Konflikter a manner Gestreits, duerfir méi Gléck an Harmonie, mä entweder wëlle mer dat net oder mir kënnen et einfach net.

27/10/2016 Apropos: "Entweder oder" oder awer "esouwuel ewéi


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.