Apropos vum Bea KneipA hard rain

Endlech huet de Bob Dylan no ëmmerhin 2 Woche op säi Literatur-Nobelpräis reagéiert! Mä ier et esou wäit war, krut e vu ville Säiten Arroganz reprochéiert. Iwwert dat Wuert huet d’Bea Kneip sech am Apropos vun haut esou seng Gedanke gemaach.

03/11/2016 Apropos: A hard rain
.

Et weess een net esou richteg wat een dovun hale soll: bal 2 Woche laang huet de Bob Dylan mat kengem Wuert op den Nobelpräis reagéiert an dunn op eemol mellt en sech a seet him hätten einfach d’Wierder gefeelt fir esou  eng grouss Éier. Ech muss soen ech war erliichtert.  Dass ausgerechent hien, den ech zënter menger fréister Jugend bewonnert hunn, esou arrogant sollt sinn, dat hätt mech nawell fatzeg enttäuscht! Wat an deenen 2 Woche wierklech an him virgaangen ass, dat gi mer allerdengs wuel ni gewuer. Et ass jo och net esou wichteg, don’t think twice, it’s alright.

Trotzdem hunn ech mer an deenen 2 Wochen esou meng Gedanken iwwert dat Wuert “Arroganz” gemaach.  Et ass dee Charakterzug dee mech perséinlech wuel am meeschten ofstéisst, mä wat bedeit en? Aplaz vun “arrogant” seet een dacks och “iwwerhieflech”, also e Mënsch dee probéiert sech iwwert déi aner ze erhiewen, sech selwer méi grouss ze maachen, oder méi grouss ze schéngen.  A wien dat fir néideg hält, den ass wahrscheinlech net wierklech grouss...Wuelverstanen, ech schwätzen hei net vun der Statur!  En arrogante Mënsch ass dacks een den net bereet ass fir sech selwer kritesch ze hannerfroen, seng Meenungen ze iwwerdenken, oder zouzeginn, dass en eppes net weess. “Ech weess, dass ech näischt weess”, sou sot séngerzäit schonn de Sokrates, en arrogante Mënsch weess emol dat net. Oder en huet net de Courage fir et zouzeginn. Op alle Fall kann en op déi Manéier ni eppes bäiléieren, well e jo mengt e wéisst schonn alles. Arroganz huet also vill mat Dommheet ze dinn, awer och mat engem Manktem un Empathie. Wien mat Virléift op seng Matmënschen erofkuckt, dee mengt et wuel och net besonnesch gutt mat hinnen. Elo stellt Iech emol vir, esou eng Persoun géif, soe mer emol, an d’Politik goen, a kréich domat Muecht iwwer aner Mënschen! Net auszedenken...dozou géife mer direkt eng ganz Rëtsch Lidder vum Bob Dylan afalen...ganz besonnesch villäicht dat heiten: De Schloreen den erofkënnt, A hard Rain’s a gonna fall.     

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.