Apropos vum Gérard FloenerSteieren

Eigentlech ass de Gérard Floener een, dee gär meckert. Mä hie kann och ganz anescht! Haut gëtt gelueft, ganz ouni Ironie. An dat bei eppes, wou déi meescht Leit éischter keimen: D'Steieren!

08/11/2016 Apropos (Steieren)



Dir erënnert Iech villäicht nach un déi schlecht Erfahrung déi ech no enger Ierfschaft mam Kadaster hu misste maachen (Apropos: Wunnraum zu Lëtzebuerg).

Nodeems déi Geschicht endlech ofgeschloss wor hat ech scho richteg Horror virun där nächster Etapp: Der Steiererklärung wéinst der Besteierung vun der plus-value aus der Vente vun engem bien immoblier.

Wann de Kadaster schonn net à jour ass, wéi soll ech dann an enger Steiererklärung den Akafspräiss vun esou engem alen Haus uginn, vun deem et natierlech scho laang keng Pabeiere méi ginn?

Ouni mir grouss Illusiounen op eng séier Äntwert ze man, hunn ech der Section des évaluations immobilières vun der Steieradministratioun ee Mail gemaach, a frëndlech gefrot, op si mir do weider hëllefe kéinten. A kuck do, knapp zwou Wochen drop hat ech eng ganz ausféierlech Äntwert, mat där ech meng Steiererklärung maache konnt.

Iwwerhaapt hunn ech mat där Administratioun nëmme gutt Erfahrunge gemaach (an ech mengen domat keen Taxruling, ech bezuele meng Steieren nom Barême ewéi jiddwer aner normale Stierflechen och).

Well ech vum Prinzip hir gär verstinn wéi eppes funktionéiert a wat do geschitt, hunn ech meng Steiererklärung och ni vun engem Comptabel maache gelooss. Ech hu mech esou wäit ewéi méiglech alleng domat erëm geschloen. A wann ech net méi weider wousst, hunn ech bei de Beamte bei de Steieren nogefrot. An do wor et egal op et wéinst der Coproprietéit oder wéinst menger perséinlecher Steiererklärung wor, ech hunn all Kéiers eng frëndlech a kompetent Äntwert kritt. Déi huet mech lues a lues drun erugefouert, fir d'Formulairen ze verstoen, a virun allem ze verstoen, wat ech firwat wou muss uginn.

Een Expert sinn ech sécher net. Mä fir mäi perséinleche Gebrauch geet et duer. An domat sinn ech zefridden. Well ech d'Gefill hunn, eppes verstanen ze hunn.

Meng elo net, ech géif vun dëser Plattform wëlle profitéieren fir ze schläimen a villäicht besser bei der Ofrechnung ewech ze kommen. Dat ass alles duerch, d'Steiere si bezuelt, an alles wat op der Ofrechnung stoung konnt ech duerch d'Erklärunge vun de Beamten no voll zéien.

Doduerch bezuelen ech zwar nach ëmmer net gär Steieren, mä duerch d'Disponibilitéit vun de Beamten mécht et fir mech elo méi Sënn. An dat ass mir perséinlech vill Wäert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.