Apropos vum Sandra MélanD'Mammesprooch

D’Mammesprooch ass am Prinzip fir jiddereen déi Sprooch, déi een am Beschte kann. D’Sandra Mélan ass der Meenung, datt een hir Bedeitung och net ënnerschätze soll.

Mir kennen all Situatiounen, wou mir am Léifste just géingen an eiser Mammesprooch schwätzen. Dat sinn och Situatiounen, déi e bësse méi precaire sinn. Do brauch e just un en ongewollte Besuch an der Klinik ze denken. Net seelen héiert een da Begrëffer, déi een als Laien net sou kennt, wéi appendicite, AVC, traumatisme, diplopie oder céphalée. Hätt Dir gewosst wat dat alles heescht? Déi meescht Ausdréck si mir e Begrëff, awer net all.

A sou Amenter wënscht ee sech, sech kënnen a senger Mammesprooch auszedrécken. Et ass een eben dann an enger desagreabeler Situatioun, wann e krank ass, an et fillt een sech net gutt. A wann d’Personal nach sou frëndlech an hëllefsbereet ass, mécht dat awer schonn en Ënnerscheed a wéi enger Sprooch e sech da ka verstännegen.

Et kann eben hëllefen dem Kranken e Gefill vu Familiaritéit a Sécherheet ze gi wann Kommunikatioun nach verbessert gëtt. Et ka bestëmmt och dozou bäidroen nach méi séier op d’Been ze kommen.

Et freet mech dann ze héieren, datt am CHEM zu Esch d‘Personal zënter 2009 d‘Méiglechkeet huet während den Aarbechtsstonne Lëtzebuerg kënnen ze léieren. Dat fannen ech eng ganz positiv Initiativ an eng ganz wichteg Entwécklung besonnesch fir déi eeler Persounen. A vläicht schléissen sech jo och aner Spideeler der Iddi un oder hunn et vläicht mëttlerweil scho gemaach. Respekt och fir all Eenzelen deen sou Coure mat gemaach huet, respektiv mat mécht.

Et muss een eis Sprooch net perfekt schwätze kënnen.

An fir déi Initiativ brauch e menger Meenung no keng Petitioun.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.