Apropos vum Michelle ReiterWat feelt mir eigentlech?

Wien huet sech haut da schonn iwwer den Trafic opgereegt? Iwwer eng Topegkeet op der Aarbecht, en Apparat deen de Geescht opginn huet..

© rtl.lu
...eng Téitsch, eng Vakanz, déi an d'Waasser gefall ass, eng Eess op der Nues? Schlëmmer geet ëmmer, mengt d'Michelle Reiter.

Et hëlleft de Leit op der Plaz sécher näischt. Dorëm geet et och net. Awer et misst een definitiv net wéinst allem sou flippen. 
Mir ass rezent eng Zeitung an de Grapp gefall mat Interviewe vu Fraen a Männer déi zu Aleppo wunnen an hiren Alldag beschreiwen. Doropshi wollt ech méi wëssen an hu kéipweis esou Artikele gelies, wou d'Leit gëschter, haut, elo matzen am Krich liewen.
Hei wat mer hänke bliwwen ass:
Ze kafe gëtt et quasi näischt fir z'iessen, oder Bensin, oder Gas fir ze kachen, Waasser? Alles rar Artikelen. Fäerdegt Brout? Nee. Miel gëtt et och ëmmer manner. Geschat kascht et eng Famill fir 3 Moolzechten am Dag 150 Dollar. Stroum gëtt et zwou Stonnen den Dag. Dat kascht 100 Dollar.
Wann d'Bomme fale bleiwen d'Leit dacks awer an hirem Haus. Léiwer doheem stierwen wéi an engem Bunker, deen awer näischt daacht.
Vill Kanner ginn, egal wéi geféierlech et ass, och weider an d'Schoul. Do si si beieneen, kënne laachen an de Schoulmeeschter probéiert hiren Optimismus ze stäerken. Ee vun hinne schreift: "Wann d'Bomme komme lafe mer an de Keller". Déi eng Kanner sinn net ze berouegen, déi aner ziele Witzer oder soen, et ass bal wéi bei eis doheem.
De Krich dauert lo scho 5 Joer.
Eng Mamm vun 3 Kanner schreift: "Meng Kanner spille mat de Poppen. Si hunn hinnen Nimm gi vun hire Frënn, déi gestuerwe sinn. Am Spill loosse si déi nees lieweg ginn a vertrauen hinnen hire Misär un."
Mä d'Leit kënnen net ëmmer dobanne sëtzen. Gi se raus op d'Strooss, wësse se, dass se vläicht net méi lieweg zréckkommen oder dass hiert Haus duerno eventuell net méi do steet.
E Mann huet geschriwwen: "Ech loosse mech net aspären". Hie geet all Dag ënner d'Leit fir ze hëllefen. Ronderëm Broschüre verdeele wou ee beispillsweis léiert, wéi aus Diesel Frittefett ka gemaach ginn oder organesche Gas, mat deem ee ka kachen, oder Bensin oder Diesel aus Plastik.
Keen Iessen, keng Medezin, keng Hëllef, keng Perspektiv, doru sollt een denken, wann ee mengt eng Wollek géing alles gro maachen.

Apropos: Wat fehlt mir eigentlech?