Apropos vum Roland KaltéHunn oder net hunn: dat ass d'Fro

Dem Hamlet säi berühmtent Zitat passt och nach ëmmer an eis Zäit, och wann de Roland Kalté fir den Apropos de Sënn op haut adaptéiert huet.

Hunn oder nit hunn, oder brauchen oder nit brauchen?

Ass och egal, et muss kaaft ginn. Iergendeppes, iergend en Déngen. Ëm 1900 haten d'Leit ca 400 Dénger doheem, haut - 10.000!
Mer beurteelen dei Dénger haut anescht wéi soss. Soss hu mer et kaaft, fir laang ze halen. Mer hu gutt drop opgepasst, gefleegt, fir et laang kënnen ze benotzen.

Haut keeft een et, fir et deemnächst erëm lass ze ginn. En Auto, e Stéck Gezei, en techneschen Aparillo, alles gëtt kaaft, fir et eng Zäitchen ze benotzen, an da gëtt et entsuergt, durch eppes Neies ersat. Dat - esou kréie mer et an de Reklamme gepriedegt - nach besser, méi performant, méi in soll sinn.

't kéint ee bal mengen, dass et nit drëm geet, wat mer mat deem Dénge maachen, mä éischter, wat dat Déngen mat eis mécht. D'Kafen ass scho bal en abstrakte Virgank ginn, aafgekoppelt vum Gebrauchswäert vum Déngen. Shopping ass Hobby. Et muss, wéi gesot, kaaft ginn, iergend eppes, iergend en Déngen. Einfach de Sou ausginn, dat de Genoss versprécht. Dorëm schéngt et ze gouen.

Eppes hunn ka glécklech man. Bestëmmt. Kuerzfristeg op alle Fall. Dacks awer och nëmme ganz kuerzfristeg. Mä ass dat nit iergendwéi d'Logik vum Maart? Alles leeft nom Prinzip Kafen, Verkafen, Verdéngen. Esouguer iergendwéi och de Mënsch.

Déi nei Zort Mënsch, dee sech do erunzillt, ass bal just nach beschäftegt, sech ze disziplinéieren, z'optiméieren, also sech perfekt de Maartconditiounen unzepassen. Ob e sech bewosst ass, dass e grad ewéi all Déngen zu all Moment ausgetosch, aafgestouss ka ginn?

Ech menge ganz, mer missten zimmlech séier Alternativen zu deeër Maart- a Wuesstumslogik sichen a fannen. Zréck zur Einfachheet, Kloerheet, Natierlechkeet, Usprochslosegkeet.

Apropos: Hunn oder net hunn: dat ass d'Fro


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.