Apropos vum Roland KaltéWaarden

Gedold hunn ass eng Eegeschaft, déi ëmmer méi verschwënnt. Gutt oder schlecht? De Roland Kalté wollt net nach laang waarden, ier e sech Gedanken am Apropos doriwwer mécht.

Dat éischt, dat mer an eisem Liewe maachen, ass: waarden. Bis Zäit ass, fir op d’Welt ze kommen.
 
Eigentlech waarde mer dacks op iergendeppes. Mä ’t fält eis ëmmer méi schwéier. Mir ginn ëmmer méi ongedëlleg.
 
Zënter den Internet eis voll an der Täsch huet, ass waarden nit méi aktuell. Näischt duerf méi lues sinn. Séier, séier, Tempo, Tempo.
Séier heescht hautdesdags direkt. Also kee Waarde méi. Oder bal keent méi.
 
Lues féiert zum bal Schlëmmste, wat et gëtt. Nämlech zum Waarden. Waarden, verbëtzten Zäit. Soss huet Waarden zum Liewe gehéiert, haut ass et eng Frechheet.
 
Wëlle mer eppes kafen, e Mausklick doheem, mar schellt de Pak un eiser Dier.
E Click, an e Buch ass op eisem e-reader.
Eemol op d’Tastatur gedréckt, an eis Vakanzfotoe si bei der Bom doheem, 1000 km ewech. Alles normal haut. Musse mer waarden, ass eppes schif gelaf.
 
Séier ass haut keng Vitesse-Info méi, mee eng Liewesastellung. Wee lues ass, geet nit mat der Zäit. Dee fonctionnéiert nit richteg. Bei deem muss eppes futti sinn.
 
Déi Ideologie huet eist Liewe fest am Grëff. Si flitt mat eis duerch d’Zäit. Esoubal eppes méi laang dauert, gëtt ëmgeswitcht. Eppes méi komplizéiert gëtt, wou reflexaartegt Handelen nit méi duer geet, gëtt ewech geschalt.
 
Wéivill méi séier kann eis Gesellschaft eigentlech nach ginn? Gëtt et eng Grenz? Mer wäerten et eemol gewuer ginn. A vläicht musse mer mol guer nit méi esou laang – waarden...
 
17/11/2016 Apropos: Waarden


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.