Apropos vum Gibbes BertoloBallast oder: vum Lassloossen a vum Lassginn

Sech vun engem oder eppes trennen ass net ëmmer einfach. Awer dacks batter oder dréngend néideg. Den Apropos vum Gibbes Bertolo

Wéini war da bei Iech déi lescht grouss Raum-Aktioun ugesot? Einfach esou passéiert dat jo gemenkerhand net. Et gëtt jo meeschtens eng Ursaach, en Ausléiser. Et muss geplënnert ginn, et kënnt en neie Moment am Liewen, vläicht och en neie Partner? Oder wéi wier et mat engem komplett neie Liewen?

Et ass op alle Fall dee Moment, wou een der Fro ausgeliwwert ass: brauch ech dat nach oder net? Raumen oder eliminéieren, vertässelen oder vergiessen, verstoppen oder verbrennen? Heiansdo sollt ee vu enger Opbrochstëmmung oder awer och vun enger méi batterer Liewensphase profitéiere fir dem Ballast lass ze ginn. De Ballast, dat, wat ee jo mat sech ronderëm schleeft ouni datt et e gréissere Wäert huet. Wéi de Ballast op engem Schëff, deen d'Stabilitéit garantéiert, Ballast um Waarmloftballon, deen ofgeworf gëtt fir datt de Ballon besser klëmmt, Ballaststoffer an eiser Ernährung, déi zwar sat maachen, déi de Kierper awer nees onverdaut verloossen.

Ballast ass also do fir eliminéiert ze ginn. Am anere Fall bleift d'Liichtegkeet op der Streck. Wéi soll ee virukommen, Vitesse kréien oder un Héicht gewannen, wa schwéier Sandsäck un Äerm a Been een dorunner hënneren? Firwat nach laang mat sech ronderëm schleefe, wat ee souwisou nëmme belaascht? Wann ee säi perséinleche Ballast bis erkannt an definéiert huet ass ee schonn um gudde Wee. Et ass net ëmmer agreabel sech vun ale Gewunnechten ze trennen, mä wann een neie Wand soll blosen, muss deen alen d'Blat botzen. Keng faul Kompromësser méi, kloer Decisiounen. Nei Plaz schafe fir dat, wat elo zielt.

Jo, wéi ëmmer: kléngt an der Theorie alles gutt an einfach. D'Praxis ass dacks eng aner. Mä vläicht war et jo mol e klengen Denkustouss. Loosst mech de chinesesche Philosoph Lao Tse zitéieren, dee virun 2.500 Joer gesot huet:

"Wann ech lassloossen, wat ech hunn, kréien ech dat, wat ech brauch. A wann ech lassloossen, wat ech sinn, ginn ech, wat ech si kéint."

Vill Spaass beim probéieren ...

22/11/2016 Apropos: Ballast oder: vum Lassloossen a vum Lass



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.