Apropos vum Marie GalesSchwéier vu Begrëff

Wann een iwwer Krich erzielt kritt, kann ee sech dëst oder dat virstellen.

© (Photo: Syria Charity)
Wann een awer Fotoe a Filmer gewise kritt, ass et spéitstens do mat der Imaginatioun op en Enn a laanscht dat grausaamt Gesicht vum Krich kann een dann net méi kucken. E puer Gedanke vum Marie Gales
Apropos: Schwéier vu Begrëff


Mäin 1. Krich, deen ech bewosst materlieft hunn, also virum Fernseh doheem a mengen Elteren hirer Stuff, war den 2.Golfkrich, den 1.Irakkrich 1990/91. Ech hu Leit gesi mat Kalaschnikowe schéissen, mäin net militär-trainéiert A huet Bommen bei grénger Luucht op e Gebai oder Stëtzpunkt vum anscheinend Béise gesi falen.
Beim zweete Golfkrich 2003 hat ech d'Gefill quasi live mat derbäi gewiescht ze sinn, sou elo séier d'Tëlee ugemaach..si iwwerdroen elo live wann déi éischte Bomm op den Irak gehait gëtt! Ech hat Sendung a stoung am Radiostudio an hunn dat gekuckt...

Aus anere Kricher ginn et och Biller a Filmer - allerdéngs koumen déi ëmmer nodeems de Krich eriwwer war. Ech mengen do natierlech als Europäer, den 1.Weltkrich, deen elo net grouss foto-a filmdokumentéiert ass...deen ass jo och schonns 100 Joer hier. Anescht do den zweete Weltkrich, wou et och réischt nom Krich, mä dunn awer en Masse Material gouf dat gewisen huet zu wat de Mënsch fäheg ass. Ofgesinn elo vun den Nazi-Propaganda-Filmer, déi schonns während dem Krich gelaf sinn.

Vum 100jährege Krich am 14./15. Jorhonnert ginn et natierlech keng Fotoen, gemoolte Biller héchstens, vill Erzielungen, déi een dann awer muss nosiche goen fir nach ze wëssen ëm wat et iwwerhaapt gaangen ass. Dat gëllt fir all Kricher, déi schonns méi laang zréck leien. Wat d'Kricher méi rezent ginn, wat et méi ze kucke gëtt, fir et mol sou ze soen.

Konkret virun Aen kritt een de Krich zur Zäit a Syrie gefouert. Haut gesi mir net méi d'Bombardementer...mä d'Affer an d'Schied virun allem.
Drohne fléien iwwer zerstéiert Dierfer a Stied an tëscht de Ruinen lafe Mënschen; Kanner erzielen ënner Schock an d'Kamera, wéi hi ganz Famill virun Aen ëmbruecht goufen; et gesäit e Mënschen op Booter, Läichen, déi am Waasser schwammen; Flüchtlingscampen, wou de Mënschen de Bulli bis zu de Knéie geet; et gesäit Mammen a Pappen, déi net méi weider wëssen an dat rezent lescht Bild a mengem Kapp ass e klénge Jong, dee bei engem Bombardement e gielen Damp ageotemt hat. Mat enger Sauerstoffmask sëtzt en do a freet ëmmer nees panesch ënner Tréinen, ob hien dann elo stierwe muss!
Wann Erzielungen net weider bréngen, wéi vill Biller sinn nach néideg bis endlech begraff gëtt, dass Krich näischt bréngt ausser Doud, Leed a Generatioune vu Mënschen hannerléisst, déi fir ëmmer traumatiséiert bleiwen?!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.