Apropos vum Christiane Kremer"Nach eemol gi mer schlofen" a wat ass dann?

"Nach eemol gi mer schlofen", sangen dëser Deeg d'Kanner zu Lëtzebuerg fir de Kleeschen. E Lidd, dat d'Spannung an d'Hoffnung an d'Virfreed op dat soll ausdrécken, wat den Dag dono bréngt. D'Christiane Kremer huet mat dëser Lidderzeil den Apropos vun haut iwwerschriwwen. Allerdéngs geet et do net ëm d'Nuecht vum 5. op de 6. Dezember.

Et geet ëm eng aner Nuecht vu virun e puer Wochen, eng un déi sécher déi meescht sech nach kënnen erënneren, wat se geduecht hunn, wat se gemaach hunn an och wat se gehofft hunn, wéi se owes schlofe gaange sinn. Et war d'Nuecht vum 8. op den 9. November, an där en neien amerikanesche President gewielt ginn ass. Mir ass et wéi wuel sou ville gaangen, ech hunn nach déi éischt Informatiounen an Impressiounen aus den USA op der Tëlee gekuckt an dono decidéiert mer d'Nuecht dofir net ëm d'Oueren ze schloen. Allerdéngs hunn ech mer Tablett an Smartphone mat an d'Kummer geholl, fir de Fall wou ech dach nuets eemol géing erwächen an dann direkt kéint virwëtzen, ob dann dat komm ass, wat ech mer erwaart hunn. E bëssi sou wéi fréier an der Kleeserchesnuecht.

Kuerz vru 4 sinn ech eng éischte Kéier waakreg ginn an hunn um Tablett eemol séier op d'US-Landkaart gekuckt, op där sech déi agedeelte Staate méi rout wéi blo gefierft haten. O mei, duecht ech an hu mech op déi aner Säit gedréint. Eng Stonn méi spéit huet eng Luucht mech nees erwächt, um Handy war ee Push ukomm. Ech hu gezéckt an dunn awer gelies, wat do stoung: do war vun enger Tendenz rieds. An och beim Bléck op d'Landkaart hunn ech rout gesinn. Ech konnt a wollt dat awer net gesinn an net wëssen an hunn dunn decidéiert, alles dat aus der Gemittlechkeet vu menger Kummer auszespären. Den Handy, den Tablett, souguer de Radio hunn ech vrun d'Dier gesat a mer dono d'Decken iwwer de Kapp gezunn.

Mä sou richteg an e rouege Schlof koum ech net méi. Bis ech dann endlech de Radio ugemaach an nogelauschtert hunn, wat ech eigentlech net wollt wëssen. Awer muss wëssen a soll wëssen. An och firwat a wisou dat elo Realitéit ass.

Realitéite kann een nun emol net vrun d'Dier setzen, op alle Fall net fir laang, ausser et späert ee sech selwer an a mécht sech Illusiounen. Mä et ännert een näischt un enger Situatioun, wann ee refuséiert se z'akzeptéieren. Et muss ee sech iergendwéi dermat ausenanersetzen.

Sou wéi fréier, wann de Kleeschen dann awer net dat bruecht hat, wou en drop gewaart hat. Allerdéngs hunn ech mech deemools éischter getréischt an dann nach un d'Chrëschtkëndche gegleeft. Op dat hei och klappt?

Apropos "Nach eemol gi mer schlofen" a wat ass dann?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.