Apropos vum Yann LogelinAdvent, Advent an d'Zäit, déi rennt...

A sengem Apropos vun haut mécht de Yann Logelin sech Gedanken iwwert den Advent:

De Moie war et esouwäit, de Moien duerft een déi éischten Dierche vum Adventskalenner opmaachen a kucke wat sech do hannendru verstoppt huet. Dat ass dann awer spéitstens och deen Ament wou ee seriö ufänke muss sech esou seng Gedanken ze maachen, wat een dann nach alles an dësem Joer realiséiere wëll.

Deen een oder anere seet sech elo villäicht: Wéi wat een nach alles op d'Rei kréie wëll? Ech hu meng Pläng fir dëst Joer all ëmgesat a sinn zefridde mat deem wat ech erreecht hunn. Anerer hate sech eventuell iwwerhaapt näischt virgeholl, wat se bannent den 366 Deeg, déi dëst Joer hinnen zur Verfügung gestallt huet, hannert sech brénge wollten an erëm anerer hunn eventuell scho laang vergiess, wat se sech alles u gudde Virsätz geholl haten, fir dëst Joer dann awer schlussendlech déi eng oder aner Saach par Rapport zu de Jore virdrunner ze veränneren.

Egal a wéi eng vun deene verschiddene Kategorien dir iech elo klasséiere konnt, ass et net schlussendlech wierklech egal wat een ëmgesat kritt huet a wat net, esou laang ee selwer zefridden ass a sech a senge Matmënsche kee Leed gedoen huet.

An awer bleiwe verschidde Punkte fir dëst Joer nach ze klären, dat ass mir de Moien, beim Opmaache vun der éischter Dierche vum Adventskalenner, esou richteg bewosst ginn. Do wier nach de Stress vun de Chrëschtkaddoen, déi wuel net néideg wieren, allerdéngs schonn an der Bibel, deem Buch, wat schlussendlech jo dozou gefouert huet, dass mer all Joer den 25. an den 26. Dezember fräi hunn a feieren, ernimmt ginn, deen Ament wou dräi Kinneken dem Chrëschtkëndche Kaddoe bruecht hunn.

An do ass et jidderengem selwer iwwerlooss wéi deier déi Kaddoen däerfe ginn a wou a wéini een se hierkritt. Déi eng brauchen de Stress sech an de leschten Deeg a Stonne virum Fest nach an eng Grande-Surface ze stierzen an anerer, anscheinend sinn dat der och ëmmer méi, maachen dat aus der Fotell an iwwer Internet. Mä och do sollt ee sech net iwwerrasche loossen, well op engem Site, wou ech de Moien e Kaddo fir de 24. bestelle wollt, krut ech gesot, dass se op Lëtzebuerg fréistens nom 27. Dezember liwwere kënnen, esou dass et fir mech elo heescht: Advent, Advent an d'Zäit, déi rennt … an hoffentlech fannen dee Kaddo an den nächsten 23 Deeg nach enzwousch an engem Buttek.

01/12/2016 Apropos: Advent, Advent an d'Zäit, déi rennt...


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.