Apropos vum Bea KneipLéiwe Kleeschen

Am Apropos vun haut schreift d’Bea Kneip e Bréif un de Kleeschen.

06/12/2016 Apropos: Léiwe Kleeschen
.



Léiwe Kleeschen!
Haut ass däi groussen Dag, a wéi all Joers kënns du och haut nees fir de Kanner eng Freed ze maachen. Et kéint een der et awer net verdenken wann s de iwwert déi Grouss  geleeëntlech géifs de Kapp rëselen. U sech si mir et jo, déi Erwuessen, déi de Kanner sollten erklären wat si solle maachen, a wat si net duerfe maachen. Oder, besser gesot, net just erklären, mä hinnen et weisen, un eisem Beispill. Mä just dat schéngt net méi esou richteg ze klappen. Dacks genuch zermaulen an zerstreide mer eis, am allerléifsten op iergendengem Computer-Ecran. An deen Ecran, ob et elo dee vum Computer, vum Tablet oder vum Handy ass, den ass eis dach dat allerléifst. Op d’mannst kéint een dat mengen wann een un allen Ecken an Ennen Leit gesäit, déi just nach Aen fir hire Smartphone hunn, souguer wann se hannert dem Steierrad sëtzen... An d’Kanner léieren et vun eis, wéi Kanner eben alles vun eis ofkucken, dat Gutt an dat manner Gutt.  Eigentlech sollen déi sëllechen “Devicen” eis jo hëllefen eist Liewen besser ze organiséieren, Zäit ze spueren, eis alles méi einfach maachen. Mä et kritt een heiansdo den Androck dass déi kleng Apparater éischter Zäit opfriessen. Séier nach hei kucken an nach do posten, a nee, elo stéier mech net, ech muss e Status Update maachen. An op eemol stéieren d’Kanner eis och net méi dobäi, si si jo beschäftegt, musse selwer liken, sharen a kommentéieren.  Iwwert all dem Gedeessems bleift knapps nach Zäit fir en offline Liewen. Mä dat brauch een iergendwéi och, wat soll een da soss posten?
Léiwe Kleeschen, du hues haut deene brave Kanner ganz vill flott Saache bruecht. Bestëmmt och den een oder aneren elektronesche Gadget. Mä so emol, dierft ech mir dann och eppes wënschen? Just eng Klengegkeet...eng kleng Stéierung an de sozialen Netzwierker, e Wifi den den Hick kritt, iergendeppes fir dass déi kleng Ecranen e puer Momenter laang an de Streik trieden. Fir dass mir och emol nees d’Welt an d’Mënschen ronderëm eis gesinn, oder besser gesot, wouerhuelen. Näischt Schlëmmes, Kleeschen du verstees, kee Lift den hänke bleift a kee Verkéierschaos, just e puer roueg Amenter ouni Elektronik. Dat léiwe Kleeschen, ass mäi Wonsch un dech. Mä u sech kéinte mer eis dat jo alleguerte selwer schenken. Oder besser nach, mir schenken et eise Kanner. E puer Stonnen Zäit fir si ouni elektronesch Oflenkung. Dat wier dach eppes, oder net?
Merci Kleeschen a bis d’nächst Joer!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.