Apropos vum Christiane Kremer"Ceci n'est peut-être pas une fiction"

"Ceci n'est peut-être pas une fiction" dëse Saz, fräi nom berühmten Tableau vum surrealistesche belsche Moler René Magritte "Ceci n'est pas une pipe", war nëmme kuerz ageblennt ginn am Virfeld vun enger Spezial-Emissioun op der belscher Tëlee haut viru genee zéng Joer. Den Aarbechtstitel war"Bye bye Belgique". Eng Satir, déi net jidderengem gefall huet, Christiane Kremer.

Et war schonn e besonnesche Moment wéi déi ëffentlech-rechtlech RTBF um véierel op 8 owes de Programm ënnerbrach huet an de Presentateur François de Brigode mat eeschtem Gesiicht ënnert anerem gesot huet: "Bonsoir à tous. L’heure est grave. La Flandre va déclarer unilatéralement son indépendance, la Belgique en tant que telle n’existerait plus." Vun engem Moment op deen aneren hu se bei eisem belschen Noper just nach gestaunt an de Kapp gerëselt. War dat, wat jo esou ënnerschwelleg ëmmer dorëmmer ze spiere war, tatsächlech Realitéit? D'Belsch kee souveräne Stad méi, mä gespléckt duerch seng Sproochen, de Kinnek tatsächlech op Kinshasa an den Exil an d'Regierung an déi 10 Bull vum Atomium zu Bréissel geflücht? D'Politiker, vrun allem de Premier Guy Verhofstad, waren „not amused“, datt dat wat do op dem éischte Belsch gelaf ass, eng Doku-Satir-Fiktioun war, un där d'Journalisten iwwer Méint am Geheime geschafft haten. Inspiréiert hate se sech natierlech um Orson Welles sengem berühmte Radio-Hörspill "The War of the worlds" nom H.G.Wells, dat 1938 Panik an den USA ausgeléist hat, well d'Leit gegleeft hunn, Ausserierdescher géifen d'Welt ugräifen.

Virun 10 Joer an der Belsch ass no 30 Minutten den "Ënnertitel" "Ceci est une fiction" ageblennt ginn, op Uerder vun der Medieministesch. D'Opreegung war awer du scho grouss an op d'Fro nom Zweck vun der Aktioun gouf gesot, datt een eng oppen Diskussioun ronderëm déi real existent Sproocheproblematik hätt wëlle lancéieren.

Haut 10 Joer méi spéit, kucken se an der Belsch mat gemëschte Gefiller zeréck op dës Aktioun: mat engem Laache fir dat, wat deemools entstane war, a mat Skepsis, well d'Diskussioun an der Belsch iergendwou nach ëmmer déi selwecht ass. An net nëmmen do!

Souwisou de Saz "Ceci est une fiction", deen hätt ech dëst Joer méi wéi eemol gegleeft, wann een e bei Reportagen no politeschen Decisiounen ageblennt hätt. Villes ass engem och dëst Joer surrealistesch virkomm.

Apropos: "Ceci n'est peut-être pas une fiction"

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.