Apropos vum Rich SimonIessmarathon am Dezember

De Mount Dezember ass aus kulinarescher Siicht dee rengste Stress. Et huet een eng Invitatioun un där anerer. Dat ass net ëmmer esou einfach fir dat alles ënnert een Hutt ze kréien. Am Apropos vun haut mécht de Rich Simon sech e puer Gedanken iwwer den Iessmarathon...

Iessmaraton am Dezember: En Apropos vum Rich Simon



Déi besënnlech Deeg sti virun der Dier. An dann ass den Avant-kulinaresche-Chrëschtstress eriwwer. Déi Zäit, wou een no all Iessen am Virfeld vun Hellegowend de Saz muss derbäi soen, "et gëtt Zäit, dass déi Deeg eriwwer sinn".

De Mount Dezember ass wierklech den Heemount fir de Mo. An der Zäit huet et sech op déi 3 Chrëschtdeeg a Silvester limitéiert. Dat ass haut awer anescht. D'Chrëschtfeier vum Betrib däerf net feelen. Dacks sinn et der awer schonns e puer. Wann een zum Beispill an enger grousser Boîte schafft, da ginn och schonns emol déi eenzel Servicer ënnert sech iessen. Do muss een derbäi sinn. Et wëll ee jo näischt verpassen.

Wann een dann och nach d'Chance huet, esou wéi ech, an engem Beruff ze schaffen, wou ee vill Leit kenne léiert, da muss ee scho bal e separaten Agenda féieren, wou alleguerten „Dîner de Fin d'Année „ dran opgelëscht sinn. Et muss ee jo seng Kontakter fleegen.

Niklosdag war fréier och kee grousst Event fir déi Erwuessen. Haut ass dat awer och anescht. Wann d'Giedelchen an de Pätterchen de Kaddo siche kommen, da kann een dat jo och mat enger klenger Fondue verbannen. D'Kanner hunn dat esou gären.  Déi Excuse muss hierhalen.

An dann déi sëlleche Chrëschtmäert, déi et am Land ginn. Do passt jo dat een Duerf drop op, dass et deem aneren Duerf keng Konkurrenz mécht. Sou huet een da bannent 1 Mount 4 -5 Chrëschtmäert am Ëmkrees vu 15 Kilometer, wou een iwwerall bal een Act de Présence muss maachen. Schliisslech schafft de Kolleg jo hannert engem Glühwäin- oder Austerestand, a sammelt Sue fir de gudden Zweck. Dee kann ee jo bal net am Stach loossen.

Wéi den Zoufall et wëll, hunn och nach e puer Frënn a Kollegen am Dezember Gebuertsdag. Op deem Dag kann ee se jo och net eleng loossen. Et gëtt jo och eng Klengegkeet ze baffen.

Sauf imprévu kommen ech dësen Dezember op 14 Invitatiounen, wou ech am Prinzip muss higoen a gréisstendeels och wëll higoen. Dass mir eis richteg verstinn. D'Chrëschtdeeg a Silvester sinn net mat agerechent. Dat mécht also 18 Deeg, wou de Mo esou richteg gefuerdert gëtt.

Dat Positiivt ass awer, an dorunner halen ech mech fest, déi Kiloen, déi ech elo méi zouhuelen, déi kann ech am Januar nees méi ofhuelen.

An deem Sënn ee gudden Appetit.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.