Apropos vum Gérard FloenerËffentlechen Transport

Normalerweis kënnt de Gérard Floener all Dag mam Vëlo schaffen. Ausser wann hie sech erkaalt huet. Da léisst hien de Vëlo stoen, a fiert Bus.

20/12/2016 Apropos: Ëffentlechen Transport



An do ginn ech gewuer, firwat ech léiwer bei all Wieder mam Vëlo fueren. D'läscht Woch hunn ech missten op ee Rendez-vous fir d'Bilansgespréich an der Schoul. Dee Rendez-vous wor um 5 Auer, dofir wollt ech um 4 de Bus direkt hei virun der Dir huelen. Dee brauch normalerweis 37 Minutten bis bei mäin Arrêt, a fiert all 7 Minutten. Also nach genuch Puffer wann e bësschen Retard wier.

Mä et kënnt jo ëmmer alles anescht ewéi geplangt. Fir deen éischte Bus deen a Fro komm wier, wor ech net mat Zäite fäerdeg. Deen zweeten ass mir virun der Nues fortgefuer, an dunn hunn ech fonnt, ech kéint och zu Fouss bis op de Boulevard Kennedy goen, amplaz 7 Minutten op deen nächste Bus ze waarden. Do fueren d'Busser jo gefillt am Sekonnentakt an d'Stad.

Och do hat ech Pech, deen éischten Eurobus ass mir nees virun der Nues fortgefuer. Deen nächste koum awer schonn eng Minutt drop. An dunn ass meng Odyssee lass gaang. Amplaz riicht erof iwwert de Boulevard Kennedy ze fueren, gondelt deen nees iwwert de Kierchbierg, zeréck Richtung RTL, esou datt ech no 5 Minutten nees bal do wor, wou ech fortgaange sinn. Dee Bus op deen ech net waarde wollt wor mëttlerweil och scho fort.

Um Boulevard Adenauer sinn ech dunn erausgeklommen, fir esou séier ewéi méiglech ee Bus ze huelen, deem säin Trajet ech kennen. Ech wor awer nees ze prësséiert an hunn deen éischte Bus geholl, deen an d'Stad gefuer ass, an der Hoffnung esou nach an der Stad kënnen d'Verbindung ze kréien, déi mech direkt bei d'Schoul géif bréngen.

Dat wor d'Linn Nummer 8, an ee fatale Fehler. Deen ass bis bei déi europäesch Investitiounsbank gefuer, an huet dunn do iergendwéi d'Kéier gemaach, fir nees bei d'Coque ze fueren. No méi ewéi 20 Minutte wor ech schlussendlech bei der Fondation Pescatore a mat den Nerven um Enn. Mam Bus wor et net méi dran, nach mat Zäiten op mäi Rendez-vous ze kommen.

Um Enn hunn ech menger Fra ugeruff, déi mech dunn ënnerwee mam Auto ewechgeholl huet, mat deem mir dunn nach just mat Zäit fir eise Rendez-vous an der Schoul woren!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.