Apropos vum Christiane KremerWat kann ech maachen?

D'Joer 2016 geet op en Enn, mat tragesche Biller an Norichten, sou kuerz vrun deem Fest, dat jo och d'Fest vum Fridde genannt gëtt. An no deem et leider nees eemol net ausgesäit. An dofir stellt d'Christiane Kremer haut am Apropos d'Fro "Wat kann ech maachen?".

Ech stelle mer déi Fro sou dacks a leschter Zäit, wann erëm nei schrecklech Informatiounen a Biller kommen aus de syresche Krichsgebitter oder vu Flüchtlingsdramen oder aus anere Krisegéigenden oder och vun terroristeschen Uschléi, Biller vu Misère a Leed, vu Gewalt an Agressiounen. Situatioune vu laanscht enee schwätzen a géintenee krichen. Zeene vu Sträit an Haass, perséinlech Dramen a mënschlecht Versoen, traumatiséiert Kanner a gepéngegt Mënschen. An déi eenzeg Reaktioun, déi een huet ass: Stop, dat muss dach ophalen. E Saz, dee mäi Papp schonn iwwer de Krich a Syrien gesot huet. Haut 4 Joer méi spéit, kann ech seng Stëmm leider net méi héieren, d'Stëmm vum Krich ass dogéint nach méi haart ginn.
Neen, et hält net op, de gesonde Mënscheverstand kann et wuel net faassen. An den normale Bierger kritt och net méi novollzunn, wéi eng Krichspartei wéi en Intérêt a wiem säin Zousproch huet. Geet et schwaarz a wäiss? Mä muss een dat wëssen? Geet et net duer, datt een all Form vu Gewalt an Ongerechtegkert veruerteelt, déi vu souveränen an déi vu sougenannte Staaten!
Et geet wuel net duer, mä - an do ass se nees d'Fro - wat kann ech maachen? Wat kann ech äntweren op Opfuerderungen wéi "d'ganz Welt kuckt no a mécht näischt". Et stëmmt, mä ass meng Spend eng Hëllef? Oder meng Sensibilitéit, meng Opmierksamkeet, meng Veruerteelung, mäin Engagement, wann ech deelen, wann ech Mënschen ophuelen, wann ech vläicht souguer hei am Radio driwwer schwätzen, wann ech mat op d'Strooss ginn fir ze protestéieren oder ze gedenken, wann ech ganz einfach d'Aen ophalen. An net ewechkucken, obwuel ech dacks wëll d'Biller ewechzappen an d'Norichten iwwerhéieren.
Mä geet dat duer? Fir eppes z'ännere sécher net. Ech hoffen dat kléngt elo net no bëlleger Entschëllegung oder no Kapitulatioun, no engem Mangel un Intérêt a Sensibilitéit oder no Bequemlechkeet. Alles dat ass et net, ech wëll net, datt et dat ass. Mä um Enn wëll ech och dat net, wat et richteg bedeit: meng oder eis Machtlosegkeet.
A vrun där kapituléieren mer um Enn awer.
An trotzdeem wënschen ech eis alleguer besënnlech a roueg Feierdeeg am Krees vun de Mënschen, déi eis no stinn. Awer och a Gedanken mat deene Mënschen, déi dat Gefill leider net kënnen hunn. Op mannst dat kënne mer maachen, och wann et ni kann duergoen.

Apropos "Wat kann ech maachen?"



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.