Apropos vum Gibbes BertoloMona Lisa

Paräis. D'Stad vun der Léift, vun der Moud, vum Liicht. Wéini waart Dir da fir d'lescht an der "Capitale" ?

Haut virun enger Woch. An dat Paräis, dat sech mer do presentéiert huet war een anert ewéi viru gutt zwee Joer, wéi ech fir d'lescht do war. Am Dezember 2014, dräi Woche viru Charlie Hebdo. A wat 310 Deeg dono passéiert ass brauch ech jo kengem an Erënnerung ze ruffen.

Mir sollen, dierfen a wäerten eis vun Terror a Fanatismus net kleng kréie loossen. Dee Saz, mengen ech, kënne mer alleguer mat guddem Gewëssen ënnerschreiwen. Keen hëlt eis eis Fräiheet. Virun enger Woch ass mer mol eng Kéier bewosst ginn, datt dat an der Praxis guer net sou evident ass. Zemools an enger Metropol, absënns zu Paräis. Ech war erféiert a grad sou impressionnéiert vun deene rigurose Sécherheetsmoossname mat deenen d'Stad sech zanter geraumer Zäit muss arrangéieren. Kaum e Buttek wou net op d'mannst 1 Securitéitsmann de Leit an d'Posch oder de Rucksak luusst, den Eiffeltuerm ass quasi hermetesch ofgeriggelt, fir einfach nëmme bis drënner ze komme muss een duerch e Sécherheetsportal erduerch an noutgedrongen eng laang Waardeschlaang mat a Kaf huelen. Op de Garen an an der Metro patrouilléiere Police- an Arméisunitéiten. A spéitstens, wéi ech mech selwer dobäi ertappt hunn, datt ech mer jiddereen, deen an d'Metro erageklomme koum, eppes méi genee ugekuckt hunn, ass et mer kloer ginn: d'Welt huet effektiv geännert. Dat war mer bis ewell heiheem an deem Mooss nach net sou ganz bewosst.

D'Stad vun der Léift, vun der Moud a vum Liicht huet hir Liichtegkeet verluer. Dat ze akzeptéiere fält schwéier. Mä dorunner muss mer eis ebe gewinnen, wa mer et net scho sinn. Awer kleng kréie loosse mer eis net.

Ech war dann och déi éischte Kéier a mengem Liewen am grousse Louvre. An hunn natierlech vun der Geleeënheet profitéiert, fir och mol eng Kéier der Mona Lisa an d'Aen ze kucken. D'Mona Lisa, där hire Charme jo och net sécher viru gemengen a sënnlosen Attacken ass, an déi een dowéinst zanter ville Jore schonn nëmmen nach hannert déckem Panzerglas ulaacht.

Dat ass et. Si genéisst zwar net méi déi komplett Fräiheet, mä si laacht. Ëmmer nach a bis an all Éiwegkeet.

Même pas peur !

Apropos




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.