Apropos vum Christiane KremerSech freeën, einfach esou!

Dës Welt ass den Ament keng einfach. Iwwerall geschéie Saachen, déi eis iwwerleeën doen, déi eis traureg maachen oder rosen. Wéi schéin, wann ee sech dann och emol einfach esou iwwer eppes freeën duerf. Oder duerf een dat net méi? D'Christiane Kremer wollt sech déi Freed net huele loossen am Apropos vun haut.

Freed, dat ass e Gefill, e Gemittszoustand, eng primär Emotioun, déi als Reaktioun op eng agreabel Situatioun oder als Erënnerung un esou eng Situatioun entsteet. De Mënsch ëmfënnt se, wa seng Erwaardungen, seng Ambitiounen, seng Wënsch oder seng Dreem sech op eng effektiv oder imaginaire Manéier erfëllen. Sou steet et op Wikipedia ze liesen. Och wann ech et nach weider hätt wëllen oder solle recherchéieren, hunn ech et dobäi gelooss, well ech mengen, datt dat kloer erëmgëtt, wat Freed ass oder soll sinn. Am Yoga gëtt gesot: d'Freed wier déi richteg Natur vum Mënsch.
Souwäit, sou gutt. Just datt mer net ëmmer Momenter vu Freed erliewen. Grad an eise Géigende krute mer dat an de leschte Méint a Jore besonnesch ze spieren, well déi dramatesch Aktualitéit sou no un eis eru geréckelt ass.
Mä vläicht leit et och drun, datt mer net méi ëmmer erkennen, wat eis ka Freed maachen. Et muss jo net dat weltbewegend Evenement sinn oder déi grouss Gefiller. Et kann ee sech dach och iwwer eng Klengegkeet freeën, iwwer e Sonnestral oder eng Blumm, déi blitt. Iwwer d'Laache vun engem Friemen oder déi witzeg Erklärunge vu Kanner. An an an …
A wann eis dann tatsächlech e positivt Evenement vrun d'Féiss fält, da fänke mer och nach un iwwer d'Freed, déi een einfach esou spontan ëmfënnt, ze diskutéieren. Ass dat Evenement dat och wäert? Hunn ech iwwerhaapt e Recht mech doriwwer ze freeën? A wa jo, wie profitéiert da vu menger Freed? Deen, deen direkt betraff ass? Oder profitéieren awer nach anerer, déi mengen, si wiere concernéiert? Oder déi, déi mengen, ouni si wier déi Freed guer net méiglech gewiescht. An déi, déi et einfach net fäerdeg bréngen sech onbefaange mat ze freeën, ouni direkt alles ze hannerfroen. A vläicht och nach déi, déi keng Freed ëmfannen, well se aneren se net vergonnen.
Froen iwwer Froen, an am Fong, wollt ech einfach nëmme soen: Komm mir freeën eis dach einfach, wann et eis duerno ass! Einfach esou!
Ech hu mech op alle Fall e Samschdeg gefreet iwwer a fir de Gilles Muller. Einfach esou!

17/01/2016 Apropos Sech freeën, einfach esou!



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.