Apropos vum Michelle ReiterRaumen

Jiddereen huet sou vill Onnëtzes doheem trëllen, Saachen déi kee brauch an Dir selwer och net. Fort domat. D'Michelle Reiter huet sech am Apropos vun Haut mam Raume beschäftegt.

19/01/2017 Apropos : raumen


Et ginn natierlech déi Hardcore Chaoten déi nëmmen am Chaos kënnen existéieren. Iwwer iech däerf een och mol néideg sinn. Awer, ech gi mol dovun aus, déi meescht vun eis sinn es sat ze siche bis erëm eppes opgedaucht ass, vun deem een déi leschte Kéier geduecht huet, et wier jo wuel logesch, dass een dat genee do hinner géing leeën.
Wann der Iech ugesprach fillt, da lauschtert wéi gutt et deet erëm Uerdnung ze hunn. Vläicht geet et Iech och esou. Dir huet gär wann alles baussen top geraumt ass an ertappt Iech awer dobäi, dass et an de Schief vu Mount zu Mount méi chaotesch ausgesäit.
Sou, lo hat ech Ufank des Joers eng Woch Congé. Hat keng Stëmm méi an hu mech e bësse krank gefillt.
Dat war déi ideal Geleeënheet fir gemittlech an an aller Rou Uerdnung ze schafen. Schaf fir Schaf, Tirang fir Tirang ass geraumt ginn. Et ass mol net sou vill bei der Däiwel geflunn, wat déi ënner Iech lo dierft freeën déi sech sou schlecht kënne vu Saachen trennen... awer do ginn et jo och Regelen. Kleeder déi ech lo schonn zwou Saisonen net méi unhat hunn näischt méi am Schaf ze sichen an all dee Krempel mat deem net grad sou gutt Erënnerunge verbonne sinn, deen däerf och ewech.
En neie Schaf war och net vun Onmutt fir bei gewësse Saache Uerdnung ze schafen. A fir de Rescht, fort mam Ballast.
Wéi gesot, eng Woch hunn ech mech gemittlech ameséiert mat deem Geraums an et huet mol net bis zum Schluss gedauert bis ech mech ëmmer besser gefillt hunn. Et war sou schéin de Kleederschaf opzemaachen an et loung an houng alles uerdentlech do. Et war e Genoss ze kachen, wou alles sou schéi sortéiert war. D'Buedzëmmer war méi cozy. Fotoe gewiesselt. Net dass ee vu menger Pinwand verschwonne wier, mä och dat bréngt frësche Wand.
A kuck do, d'Liewe war vun engem Moment op deen aneren méi einfach. No där Raumaktioun hunn ech mech einfach méi liicht gespuert a selwer sortéiert.
Komesch, a wuel vun engem Net-Expert schwéier ze explizéieren, awer... anscheinend ass raumen total in!
Hu gelies, dass de 'Focus' mam Titel 'Räum dein Leben auf' vu viru kuerzem sech ëm 50 % méi wéi normal verkaaft huet.
Also, raumen läit voll am Trend. Wien traut sech?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.