Apropos vum Marie GalesKommentaren

De fréieren Editeur vun der Zäitschrëft Spiegel Rudolf Augstein sot mol: Wien näischt ze soen huet, soll keng Kommentare schreiwen. Dëst Zitat ass dem Marie Gales en Apropos wäert.

© rtl.lu
Apropos Kommentaren


Ech denken dacks un dee Saz, wann ech duerch déi vill Kommentare ginn an de sozialen Medien, an natierlech och op eisem Internetsite. Ech wëll awer direkt déi Leit hei eraushuelen, déi wierklech flott an interessant Kommentare schreiwen an och mol den Ustouss ginn, fir seng eege Meenung ze iwwerdenken. Op e gescheiten an e gutt formuléierte Kommentar kann een och mol eng Äntwert ginn a sech iwwert en Austausch, firwat net, freeën. Eng Sträitkultur op guddem Niveau...also!
Mä fir den Mädrescher unzegeheien fir alles platt ze maachen a wou ee just nach mat Schrecken dat Geschriwwent liest, léist kee Sputt méi fir iergendeppes drop ze soen. Firwat och, et gouf jo alles néier gewalzt an dat war dach dem Auteur vun dem Kommentar seng Absicht, oder net?
Alles dout bierelen fir dass all Keim fir eng Diskussioun unzereegen, erstéckt gëtt.

2 rezent Beispiller komme mir elo an de Kapp. Ënnert dem Reportage vum Angela Merkel, wéi d'Bundeskanzlerin zu Lëtzebuerg war, goufen alt sou uerg Kommentare geschriwwen, dass se vun eisem Internetsite hu missten erofgeholl ginn. Do denken ech: Wat geet da Leit un, sou schlëmm Saachen ze schreiwen, dass all Ethik et verbitt sou eppes ze publizéieren?

Zweet Beispill: Ënnert dem Sujet ''Neie Conseil permanent de la langue luxembourgeoise" huet et natierlech an dësen Zäite net u Kommentaren dierfe feelen! Ech mengen et ware 4 Feeler, déi ech gezielt hunn an engem butzege Saz, wou lamentéiert gouf, firwat dann dee Communiqué elo net op Lëtzebuergesch wier. Domadder ass am Fong alles gesot!

Ma vläit géif et och mol hëllefen, wann een dat, wat ee geschriwwen huet, iwwerliese géif. Net just wéinst de Feeler oder der Form. Mä dacks wéinst deem, wat een dann do geschriwwen huet. Sou vill Zäit an Anstand misst sinn. An ech si mir sécher, oder ech hoffen mol, da géif een iwwert dem Liesen nees zur Besënnung kommen a seng Krallen nees afueren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.