Apropos vum Yann LogelinFrou mam Donald

Fir de Yann Logelin huet sech an der leschter Woch eppes verännert, wéi den Donald Trump zum 45. President vun den USA ginn ass. Et ass eppes, wat him Suerge mécht an en net méi lassléisst...

26/01/2017 Apropos: Frou mam Donald



Ech stinn, a sidd elo, wann ech gelift, net schockéiert voll a ganz hannert dem Donald an hunn och wëlles virun hannert dem Donald ze stoen! Ech sinn dat zënter Joren a stinn dozou! Ech wëll elo och keen Awand dogéint zouloossen. Iwwerzeegunge sinn eppes, zu deem ee stoe muss, eppes wat een zur Nout och verdeedege muss, zemools an Zäite wou der vill hei an Europa denken, dass den Donald en Onméiglechen ass, hannert deem een, als gudde Bierger vun enger europäescher Demokratie, déi funktionéiert, net stoen däerf, fir deen een net antrieden däerf an deen net do dierft sinn, wou en ass.
Do soen ech: Stop! Den Donald ass e Gudden! Ok, en ass deels onberechenbar, fiert heiansdo méi séier aus der Këscht wéi ee kucke kann an net all seng Iddien, déi en esou huet, sinn ëmmer bis un de Schluss duerchduecht, mä wat e sech an de Kapp gesat huet, dat probéiert hien och ze realiséieren.
En ass trei an këmmert sech, och wann do nach laang net ëmmer alles riicht geet, mat ganzem Häerz a voller Léift ëm Kanner.
Et ass en Tolpatsch an deels och e Pechvull, mä genee dat mécht e jo esou sympathesch, well egal wéi dacks Projete vun him näischt ginn, egal wéi dacks en sech mëssverständlech ausgedréckt huet, e gëtt ni op, e resignéiert net a probéiert ëmmer dat Bescht fir sech a d'Leit ronderëm hien erauszezéien.
Et ass en oprechte Kämpfer fir d'Demokratie, wat scho viru laange Jore bewisen huet a wa mer all e bësse méi wiere wéi den Donald, da wier eis Welt eng besser.
Klengt alles nom 45. amerikanesche President, gell diert? Deen ass mer awer nu wierklech esou eppes vu komplett egal. Et ass wuel elo de mächtegste Mann vun der Welt, mä fir mech a mäi Privatliewen negativ ze beaflossen, feelt him trotzdeem de Pouvoir. An awer bleiwen ech Frënd vum Donald. Aus dem ganzen Universum, de vum Walt Disney an den 1920er an 1930er geschafe gouf, gëtt et net ee Personnage dee mir méi sympathesch wier, wéi de Monni vun Tick, Trick an Track, Frënd vum Daisy an  Neveu vum Dagobert. An alles wat ech mir als Donaldist wënschen ass hien duerch näischt a kee Sympathië verléiere wäert, déi sécher net nëmmen ech fir hien empfannen. Ech sinn an ech bleiwe frou mam Donald.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.