Apropos vum Daniel NepgenKleng a grouss Schrëtt

Dat neit Joer ass do. A villes wat ee liest an héiert kléngt wéi "business as usual". Den Daniel Nepgen huet e puer Gedanken zu de gudde Virsätz.

02/01/2018 Apropos: Kleng a grouss Schrëtt


Ee Kolleesch op Facebook hat et um leschten Dag vum Joer méi pikant ausgedréckt, en Vue vun de Saachen déi hien an de Stonnen duerno erëm géing a sengem News Feed liesen. Elo géing et nees lass goe mat deem Blödsinn à la "Neit Joer, neien Ech". Eng Uspillung op déi vill Saachen, déi mir Mënschen eis ëmmer vum 1. Januar u virhuelen. Et ass ëmmer op deem Stéchdatum wou mir schlecht Gewunnechte wëlle lass ginn, wou mir besser wëlle ginn an eis deemno also och zum Deel an aner Mënsche wëlle verwandelen.

Et kann ee sech froen: firwat ëmmer op den 1. Januar waarden? D'Joer huet 364 aner Deeg, déi genee esou gutt gëeegent wiere fir en neien Ufank. Et läit wahrscheinlech drun, dass een d'Signaler an d'Informatiounen aus senger Ëmwelt emol verschaffe muss. Wa sech dann eng nei Iddi am Kapp manifestéiert, muss ee sech och eens ginn, ob een dat wierklech wëll. Wëll ech ophale mat Fëmmen? Wëll ech manner Junk Food iessen? Dat sinn elo nach déi einfachst Beispiller. Et gëtt och méi komplexer. Soll ech méi éiergäizeg am Job sinn? Soll ech mech méi fir d'Allgemengheet asetzen?

De Wee vum 31. Dezember op den 1. Januar ass eng psychologesch Bréck, iwwert déi mir all Joer op en neits ginn. Dat ass net z'evitéieren. An de Mënsch quantifizéiert gär alles. Et ass fir eis wahrscheinlech méi einfach, um éischten Dag vum Joer eng Grenz ze zéie fir Neies wéi op soss engem Dag. Dat aalt Joer gëtt an deem Sënn an engem Tirang mat all deene Gewunnechte klasséiert, déi mir wëllen änneren. Dat ass kamoud. Dat neit Joer steet da symbolesch fir e wäisst Blat, dat quasi drop waart fir mat neie Geschichte gefëllt ze ginn.

Déi grouss Neijoersvirsätz sollten awer keng Excuse dofir sinn, de Rescht vum Joer op der Plaz stoen ze bleiwen. Well domat vergësst een, wéi wichteg déi kleng Schrëtt sinn, déi mir all Dag maachen. Fir déi eng ass dat: "Jeden Tag eine gute Tat". Fir déi aner heescht et all Dag op d'mannst eppes ze maachen, wat een nach ni gemaach huet. Sief et, dass een en anere Wee heem trëppelt oder dass een eng friem Persoun uschwätzt. Graff gekuckt hu mir an eisem Liewen 30.000 Deeg, wann een déi duerchschnëttlech Liewenserwaardung hëlt. Dat sinn 30.000 Méiglechkeeten, all Dag eppes neits z'erliewen an d'Welt ze veränneren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.