Carte Blanche vum Paul KremerLëtzebuerger Walen

Iwwert eis Walen ass alles gesot ginn, plus de Contraire. De basso continuo awer schéngt ze sinn: entweder, wëllt dir d’Weiderféierung vun der aktueller Regierung, déi neie Wand als Duerchzuch duerch d’Land geblosen huet, oder kënnt déi ural C-Partei erëm a sicht sech e genehme Niewepartner, dee schonn an der Queue steet?

Carte Blanche vum Paul Kremer



Sougenannte wesentlech Problemer goufe virsuerglech escamotéiert. Mir si jo weder xenophob nach antisemitesch oder Israel-kritesch, nach siche mir no “Sonnerweeër” an der europäescher Unioun. Mir liewe gutt a gär mat oder nieft eise Banken, déi net onanstänneg sinn, mee déi en eegene Wee sichen oder fonnt hunn, ouni international Gesetzer unzerempelen nom juristesch awandfräie Motto "wat net verbueden ass, ass bis op Weideres erlaabt".

Mir si stolz drop, eng Krankekeess ze hunn, déi wäit a breet näischt Equivalentes huet. Mir hunn den Ënnerscheed tëscht Aarbechter an Ugestallten ausgewëscht; eis Wirtschaft boomt, a franco-belsch Stauen beleeën et, an e Problem mat Zouwanderer an/oder Muslimen hu mer och keen: jiddwerengem säin Handy a seng faarweg Turnschlappen a scho wier d’Saach gebongt. So what?

Bezuelbare Wunnraum ass en Dauerbrenner. E bezuelbaren Index? No problem. Zoubetonéiert, versigelt Stad a Land? An trotzdeem ass eise Schofskéis dee beschten, d’Mettwurscht déi säftegst a souguer de Schampes ass méi onverfälscht wéi auslännesch Fabrikater, déi mer léiwer hei net nennen.

E neie SUV, eng Päischtcroisière mat Jux a Gekickels an eng Loftlinn fir Räich an Aarm – sou wäit a sou léif, wéi der wëllt: Häerz, wat begiers du?

E klenge Bemol: mir hannerloossen e sechsfachen ekologeschen bzw. anti-ekologesche Foussofdrock. Am Kloertext: jiddwereen vun eis brave Bierger verbraucht 6 mol méi Energie wéi der nohalteg nowiisst. Brutal gesot: jidderee vun eis klaut elo oder zukünftege Generatiounen d'Liewensgrondlag an dat an enger Ëmwelt, wou fir d’éischt an der Mënschheetsgeschicht alles ronderëm eis ofgezielt, klasséiert – a verbëtzt gëtt. Armageddon huet sou eng Faart fréier geheescht.

Ass dat eis och eendun? Oder sti mer op wéi e Mann bzw. eng Dame a soen: Lo geet et dees duer! A wielen en Zwang-System wou jiddwereen, ofgeschwat an ofgedeelt, säi Gräppchen zegutt huet a net méi, quitt datt manner Leit weltwäit gebuer dierfe ginn.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.