Carte Blanche vum Marc SchiltzD'Zukunft vun der Recherche zu Lëtzebuerg

D’Fuerschung huet hire Wee an d’Parteiprogrammer fonnt. Eng Entwécklung déi de Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche begréisst. Wéi eng Roll gesinn d’Parteien fir d’Recherche zu Lëtzebuerg a wat kann eng zukünfteg Regierung nach maachen, fir dësen Atout vum Land nach weider ze stäerken? Eng Carte Blanche vum Marc Schiltz.



Virun zwou Woche sinn d’Couren op der Universitéit Lëtzebuerg erëm ugaangen, an zanterhier ass nees Liewen um Belval. D’lescht Woch gouf och e neit Gebai ageweit – d’Häerzstéck vun all Universitéit, dat wat ee fréier d’Bibliothéik genannt hätt, ass haut de Luxembourg Learning Center. E groussaartege Center, dee vill méi ass ewéi just eng Bibliothéik; en ass iwwregens fir jiddwereen op, ob Student oder net.  

Dëse Campus um Belval gëtt vu Gäscht aus dem Ausland, déi mir do empfänken, mat Bewonnerung an Unerkennung bestaunt. Keen Zweiwel, de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg ass mëttlerweil ee weideren Atout vun onsem Land.

An zwou Woche si Walen an ech si natierlech net derlaanscht komm fir ze kucke wat dann esou an de Walprogrammer steet iwwer Fuerschung, Innovatioun an Universitéit. Positiv fält op, dass dës Themen an de Programmer méi Plaz kréien ewéi dat nach viru 5 Joer de Fall war. Erfreelech ass awer och, dass queesch duerch d’Parteien e Konsens besteet, fir déi positiv Entwécklung vum Fuerschungssecteur an de nächste Jore weider ze féieren.

D’Parteie sinn sech an deem Punkt eens, datt déi verschidde Fuerschungsinstitutiounen an Zukunft solle nach méi enk zesummeschaffen. Eens sinn se sech och, zumindest bal alleguerten, datt Synergien tëschent der ëffentlecher Fuerschung an dem Privatsecteur nach méi ausgebaut solle ginn.

Op der Basis – dat heescht bei de Fuerscher – an um Niveau vun der Direktioun klappt d’Zesummenaarbecht mëttlerweil ausgezeechent. Mee un der Spëtzt si mer weiderhin un historesch gewuessen a fragmentéiert Strukture gebonnen, wou ee sech froen dierf, ob se nach adaptéiert si fir d’Zukunft. Esou hunn zum Beispill d’Uni a jidder eenzele Centre de Recherche hir eege Gouvernance-Struktur. Et schaffen also weiderhi bal eng hallef Dose verschidde Conseils d’Administration separat dorunner fir eenzel Stécker vun onser Fuerschungsstrategie ze entwéckelen. Als Géigebeispill kënne mer hei d’Schwäiz nennen, wou et nëmmen een eenzege Conseil d’Administration gëtt, fir zwou grouss Héichschoulen a véier Fuerschungszentren an deenen insgesamt véier mol méi Fuerscher ewéi zu Lëtzebuerg schaffen.

Och déi staatlech Finanzéierung vu Fuerschung an Innovatioun am ëffentleche Secteur, am private Secteur, an d’Ënnerstëtzung vu Start-up Entreprisë gi weiderhi komplett separat organiséiert.

Hei sinn Defien déi eng zukünfteg Regierung, wei och ëmmer se sech zesumme stelle wäert, sech kann op de Fändel schreiwen. Iwwerleeungen heizou stinn iwwregens och an deem exzellente Rapport vun der OCDE, deen 2016 publizéiert gouf, vun deem awer leider net méi vill Rieds ass.

Onse Fuerschungsstanduert huet sech international a kierzester Zäit en Numm gemaach. An dorops dierfe mir roueg houfreg sinn. Déi zukünfteg Regierung, wien och ëmmer se stellt, huet awer d’Méiglechkeet, deen nächste grousse Schrëtt ze maache fir onse Fuerschungsstanduert laangfristeg op Weltniveau ze etabléieren, andeems se en néie Kader setzt, fir eng modern Gouvernance déi d’Synergien tëschent den Institutiounen an och mam Privatsecteur voll ausschöpfe kann.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.