Carte Blanche vum Patrick MichaelyVerbrannt

Mir sinn de 27. Abrëll 2054. Am "Natur musée" kënnt et wéinst enger Surcharge an de Leitungen zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer. A senger Carte blanche erzielt de Patrick Michaely déi ganz Geschicht. ‘t ass keng mat Happy End!

Et sinn elo genee zweehonnert Joer hier, datt fir d’éischt Kéier zu Lëtzebuerg d’Diere vun engem naturhistoresche Musée fir de Public opgaange sinn. De Musée huet zënterhier déi bedeitendst Sammlungen iwwer de Patrimoine naturel vun der Groussregioun ugeluecht. Millioune vun Objete ginn an de Sammlungsraim am Gronn conservéiert. Kuerz no 18.50 Auer - déi vill Éieregäscht op der Gebuertsdagsfeier si grad beim éischte Schampesglas - kënnt et wéinst enger Surcharge an de Leitunge vum historesche Gebai zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer.

Pabeier fänkt u bei 232,8 Grad Celsius ze brennen. Pabeier gëtt et an dësem Raum genuch. De Frigo mat der Somesammlung steet nämlech wéinst Plazmanktem am selwechte Raum wéi den Herbier. Iwwer 100.000 Planzebeleg, déi an de leschten 200 Joer zu Lëtzebuerg gesammelt goufen, ginn hei propper an eenzel Pabeiersmappe versuergt. Op der Gebuertsdagsfeier fir d’Muséesfrënn huet déi zoustänneg Botanistin elo grad eng Ried gehalen iwwer d’historesch Bedeitung an de wëssenschaftleche Wäert vun dëser Planzesammlung fir d’Land. Fir hiren Discours virzebereeden hat se just virdrun e puer Planchen aus de Compactus-Schief erausgeholl an um Schaffdësch ausgebreet. De Fonke fält drop. Ze waarm fir de Pabeier. Déi kleng Flam brauch net laang, fir sech duerch de Beleg ze friessen an de Stapel Pabeier mat de Bestëmmungsbicher unzegräifen, dee just niewendru läit. Firwat d’Sprénkelanlag mam éischten Damp net ugaangen ass, weess duerno kee sou richteg. ‘t ass elo souwisou egal: Waasser op tëscht Pabeier a Kartrong conservéiert dréche Planzen ass net manner schlëmm.

D’Feier gräift weider ëm sech. D’Sammlungsraim befanne sech direkt ënnert dem holzen Daach. Am Raum niewendrun ginn déi wäertvollst Stécker aus der Mineralien- a Fossiliesammlung versuergt, dorënner international unerkannte Referenzstécker fir d’Wëssenschaft. De Mineralog, dee virun 30 Joer hei geschafft huet, hat et 2018 fäerdegbruecht engem Mineralogiesprof vu Rio seng impressionnant Sammlung z’ergatteren, ier déi soss eventuell bei d’brasilianesch Kollegen an de Musée gaange wier. “Gott sei Dank”, huet deemools jiddweree gesot. D’Flamen hu mëttlerweil eng Temperatur vun iwwer 1000 Grad. Vill vun den onschätzbare Mineralien a Milliounejoer ale Fossilien halen dësen héijen Temperaturen net Stand a baschten a mikroskopesch kleng Stécker auserneen. Iwwer 3 Millioune Specimen aus der Insektesammlung sinn an hiren Holzkëschten nëmmen zousätzlech Fudder fir d’Feier. Dat eelste komplett erhalent Skelett vun engem Mënsch zu Lëtzebuerg verkuelt a senger Këscht.

Domadder sinn all Preuvë vernicht, déi d’Entwécklung vun der Biodiversitéit hei am Land iwwer déi lescht 200 Joer dokumentéieren. Et ass, wéi wann d’Natur vum Land op eemol kee Gediechtnes, keng Geschicht, méi hätt. De Musée selwer, aus deem d’Éieregäscht nach mam Glas an der Hand erauslafen, fir dem Feierspektakel mat Tréinen an den Aen nozekucken, ass nämlech virun allem eng grouss Schauvitrinn. Net mol 5 Prozent vun der ganzer Kollektioun gëtt hei ausgestallt. Gefuerscht gouf op deenen 95 verbrannten.

Bon, mir si glécklecherweis eréischt 2018, mä mir sinn all Rio. Hoffentlech léiere mir draus, ‘t ass jo Europäescht Joer vum Patrimoine culturel.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.