Carte Blanche vum Laurent SchleySolidaritéit statt Haass

D’Walen 2018 sti virun der Dir an am Land herrscht zum Deel eng beonrouegend Stëmmung. Puer Gedanken dozou vum Dr. Laurent Schley, President vun AHA, a senger Carte blanche vun haut, mam Titel „Solidaritéit statt Haass“.

© Christine da Felicidade
Carte Blanche vum Laurent Schley



Bei der Presentatioun vun hirem Wahlprogramm hat eng kleng Partei ugekënnegt, an der Schoul nees Reliounsunterrecht wëllen anzeféieren an zwar virun allem dee chrëschtlechen, dee muslimeschen an dee jiddeschen. Fir di meescht Leit hei am Land, déi frou sinn, dass reliéis Indoktrinatioun ënner der LSAP-DP-déi Gréng-Regierung endlech aus den ëffentleche Schoule verbannt gouf, dierft dat scho Grond genuch sinn, fir déi kleng Partei e Sonndeg net ze wielen. Där Grënn gëtt et awer duerchaus nach méi.

Säit d‘Walcampagne ugefaangen huet, gouf et eng Partie eekleg Incidenten di Kandidate betraff hunn. Den Jimmy Skenderovic krut quasi Morddreeungen op Facebook, dem Monica Semedo seng Foto gouf x-mol aus de Walplakater geschnidden, de Xavier Bëttel an d’Corinne Cahen goufen op engem Walplakat als Judden ofgestempelt, an de Sven Clement krut scheinbar vum Papp vun engem Kandidat vun enger Minipartei no engem Debat Streech ugedreet. Déi véier Beispiller sinn awer nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg vun enger gesellschaftlecher Entwécklung, déi Angscht mécht. Dofir brauch ee just an de Sozialmedien di sëllechen hemmungslos Haasskommentaren am Kontext vun der Flüchtlingsthematik oder vun de Frontalieren ze liesen.

An do wiere mer nees bei där klenger Partei, déi ech ugangs erwäänt hunn. Déi hunn nämlech puer Leit op hirer Lëscht, di an de leschten dräi Joer duerch nawell zolidd nationalistesch Initiativen opgefall sinn. Rezent haten déi Leit sech als Internetplattform regruppéiert an hu vun do aus ganz oppen hiren auslännerfeindleche Gedanke fräie Laf gelooss. Deen een oder aneren huet dann och mol ganz locker d‘Naziverbriechen ëffentlech verharmloost. Ganz bedenklech war d’Reaktioun vun engem laangjäregen erfuerenen Deputéierten aus där Partei. Déi Leit vun där Internetplattform wiere keng Parteimemberen, an hie géif sech vun sou Aussoen distanzéieren, housch et do. Mee et hätt een deene Leit eben eng gewësse Carte blanche ginn. Pardon? Sou einfach kritt een sech do elo net erausgeriet.

Mir sollten ni vergiessen, dass mer hei zu Lëtzebuerg sinn, wou multikulti säit Joerzéngten un der Dagesuerdnung ass. Wou eis Méisproochegkeet ee risegen Atout ass, dee mer net verléiere sollten. Wou een dagdeeglech Leit aus anere Länner an aus anere Kulture kenneléiere kann, sech mat hinnen austauschen a vunenee léiere kann.

Wann ee bis ufänkt vu „mir“ a „si“ ze schwätzen, dann ass dat ee Schrëtt op ee ganz geféierleche Pad, deen anerer scho virun 80 Joer gaange sinn. Grad hei am Land sollt een eigentlech aus där Geschicht geléiert hunn. Jidder eenzelen huet e Sonndeg an der Wahlkabinn eng Verantwortung fir dofir ze suergen, dass mer net a Richtung vun enger Widderhuelung vun där Geschicht steieren. Loosst mer den Haass an d’Ausgrenzung net gewannen, mee loosst mer astoe fir di humanistesch Wäerter vu Solidaritéit an Zesummeliewe mat alle Mënschen.


* Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.