Lieserbréif vum Michel A. MathiasFirwat Kanner an der Schoul stéieren?

Oder: Gitt eise Kanner hir Mammen erëm!

Eisen Edukatiouns-Minister huet e Buch mam Titel "Staark Kanner"erausginn.

Op Internet hun ech mech iwwer dat Buch schlau gemaach, an ech wor scho beim 2. Saatz entsaat: De Minister schéngt erkannt ze hunn, dass déi 4 éischt Jore vun engem Kand iwwert séng weider Entwécklung entscheeden; an dofir mengt hien, d'Politik misst dat an d'Hand huelen an de Mammen hir Kanner sou fréi wéi méiglech eweghuelen, fir dass se déi bescht Chancen am Liewen hätten.

Ma Kanner, déi ze fréi vun hirer Mamm getrennt ginn, entwéckle genau dat Behuelen, dat haut an de Schoulen (an an de Maison-Relaisen) sou vill Probleme mecht. Ech hunn e Buch vum Dr René Spitz aus den USA doriwwer studéiert: hie nennt dee Problem "Psychischer Hospitalismus"; um Internet bei Wikepedia nozeliesen.

D'Schoul- an d'Betreiungs-Strukture versichen, d'Problemkanner ze "géréieren" ouni op d'Léisung vun hire Probleme kënnen anzegoen; an ier des Kanner kënne professionnel Hëllef kréien , ka vill Zäit vergoen.-  Mol kucken, wéivil qualifizéiert Personal de Minister dofir fënnt... 

Et misst ee vläicht drun denken de Problem bei der Wuerzel ze paken, an de Kanner hir Mammen erëmginn: Mat deem ville Geld, dat  eleng d'Bedreiwe vu Crèchen a Maison-Relaise kascht, kënnt een de Mammen hëllefen, hir kleng Kanner selwer ze betreien, an sou hier psychesch Problemen net eréischt entstoen ze loossen.- Och wann dat nëmmen en Deel vun der Léisung ass...

Den Här Meisch mengt wéitschéngt, et misst ee mol ënnersichen, wéisou Kanner déi Probleme kënne kréien, a kucken, wéieng Strukture mir hun a wéieng mir nach bräichten. Dobäi gëtt et elo scho Rapporten, déi dat alles ënnersicht hun; se si just nach net ëmgesat gin. Ofgesinn dovun kann ee séilesch krank Kanner net einfach flécke wéi en Auto.

Et misst een och d'Léier- an d'Betreiungs-Personal an eng Behandlung mat abannen; well si d'Kanner besser kennen, kënne si besser mat hinne schaffen an se an de Grupp integréieren.

D'Léisungen, déi d'Politik virgesäit, sinn eng Plooschter op en Holzbeen, well se net un d'Ursaache vum Problem ginn: Kanner , déi vu klengem unn net déi néideg Bindung zu enger fester Bezuchspersoun kënnen opbauen, entwécklen e besonnescht Behuelen, fir déi Opmierksamkeet ze kréien, déi hinne feelt. Doduerch falen se op an se stéieren.

Déi vernoléissegt Kanner fillen sech manner wäert a kënnen doduerch och aggressiv gin. Hiert opfällegt Behuelen ass deemno net eréischt an der Schoul enstan. Aner Kanner zéien sech an hiert Schleekenhaischen zréck a sinn extra brav, fir ugeholl ze ginn; dat ass ower och net zu hirem Virdeel.

Och wann d'Eltrenhaus aus bekannten Uersaache leider ze oft verseet, ass et un de Politiker fir de Famillen an onserer verännerter Gesellschaft Rechnung ze droen an hinnen ënnert d'Äerm ze gräifen; mä dat Gebastels, dat de Moment porbéiert gëtt, ass keng brauchbar Stratégie:

Et geet net duer, vill Suen auszeginn, fir de Problemkanner an der Schoul wëllen ze hëllefen, soulaang net beduecht a verhënnert gëtt, dass d'Probleme scho bei de klenge Kanner entstinn.

Soulaang de Wirtschaftswuesstem méi wichteg ass wéi d'Wuel vun eise Kanner an hire Famillen, ass keng Besserung méiglech. Et ass un der nächster Regierung, sech fir d'Rechter vun de Kanner anzesetzen, besonnesch fir hiert Recht op eng glécklech Kandheet an enger harmonescher Famill: Dofir brauchen se Mammen, déi Zäit fir si hunn, an net dem Wuelstand an dem Wuesse vun der Wirtschaft geaffert ginn.

Michel A. MATHIAS, e fréiere Schoulmeeschter an HMC-, Spezial- a Komplementar-Klassen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.