Carte Blanche vum Astrid LullingFraequot: Wat soll dat?

Bei de Resultater vun de Chamberwale vum 14. Oktober gouf et vill Surprisen, net nëmme beim Ofschneide vun den eenzele Parteien, mä och bei de Kandidaten, esou déi fréier Europadeputéiert Astrid Lulling an hirer Carte Blance.

Carte Blanche vum Astrid Lulling



Nëmmen 12 vun deene 60 gewielten Deputéierte si Fraen, dat heescht, dass vun 249 Kandidatinnen net emol 5 Prozent et an d’Chamber gepackt hunn. Bei enger Regierungspartei gouf net emol eng eenzeg Fra gewielt: L.S.A.Peu!

Säit 2016 hu mer eng gesetzlech Quote vu 40 %, domat hu mer eis gebretzt an Europa an d’Hoffnung war grouss, dass, wann elo op all Kandidatelëschte 40 Prozent Frae misste sinn, och méi Frae géinge gewielt ginn.

Dat ass no hanne lass gaangen. Firwat?

Bei eisem Walsystem: Panachage a Virzugstëmmen, kann et virkommen, dass esouguer keng Fra gewielt gëtt, wann et, wéi bei de Gréngen, eng Paritéit vu Geschlechter op de Kandidatelëschte gëtt.

Et ass no de Walen, ënner anerem am Conseil National des Femmes, an deem ech als Presidentin vun der Fédération Nationale des Femmes Luxembourgeoises sëtzen, vill iwwer d’Ursaache vun dësem Resultat diskutéiert ginn. Dobäi gouf virun allem versicht, d’Schold do ze sichen, wou se eigentlech net ass. Bei de Parteien a bei de Journalisten, déi d’Kandidatinnen net genuch an d’Fënster géinge stellen. Wann dat esou wier, firwat sinn dann zum Beispill zwou Fraen, déi 5 Joer laang an der Regierung souzen, net emol gewielt ginn?

Sécher ass et schwéier, zu Lëtzebuerg gewielt ze ginn, wann ee net bekannt ass, och fir Männer.

Mä haut gëtt et jo Méiglechkeeten, sech bekannt ze maachen, vun deenen ech 1964, wou ech fir d’éischt fir d’Chamber kandidéiert hunn, net emol dreeme konnt.

Ech hunn och erlieft, dass ech jorelaang ni an de Radio oder an d’Televisioun geschéckt gouf. Ech hunn et awer fäerdegbruecht, vun 1965 bis 2014 gewielt ze ginn, wann ech da kandidéiert hunn. Dat huet vill Asaz, Aarbecht an Zäit kascht. Mä et huet sech gelount. Ech halen net vill vu Quoten.

Et gëtt bei eis am Land méi weiblech, wéi männlech Wieler. Wann d’Frae géife Frae wielen, dann hätten dach männlech Kandidate manner Chancen.

Den CNFL huet en deiere faarwegen Depliant an Dausenden Exemplairen drécke gelooss, an deem d’Wieler opgefuerdert ginn, de 14. Oktober, 99 Joer nodeem d’Fraen d’Walrecht kruten, fir den Equiliber ze stëmmen.

D’Resultat ass bekannt.

Loosse mer eis näischt virmaachen. Et gëtt kee Wonnermëttel vun uewen erof, fir datt méi Fraen an d’Chamber kommen. Et sief dann, dass gewielte Männer missten zerécktrieden, fir dass eng Fraequot an der Chamber erreecht géif.

Ech hoffen, dass et net esou wäit kënnt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.