Commentaire vum Claude ZeimetzD'Leit an der Lutte géint de Klimawiessel mat huelen

D'Europäesch Unioun soll bis 2050 klimaneutral sinn, dat huet den zoustännege Kommissär gëschter am Virfeld vun der nächster UNO-Klimakonferenz d'nächst Wochen a Polen annoncéiert. D'Memberstaaten sinn opgeruff eng Zitat „éiergäizeg Strategie“ auszeschaffen. Dat dierft net evident ginn a léisst d'Dieren op fir alles an näischt och wann d'Konsequenze vum Klimawiessel antëscht net méi z'iwwersi sinn. E Commentaire vum Claude Zeimetz.

E Commentaire vum Claude Zeimetz



Kloer ass, dat huet de leschten UNO-Klimarapport nach emol däitlech gemaach, ouni e konsequent Géigesteiere ginn d'Klimaziler vun der COP21 sécher net erfëllt, fir d'Äerderwiermung op zwee, respektiv annerhallwe Grad ze limitéieren. Fir dat z'erreechen, rechent den Ëmweltprogramm vun de Vereenten Natioune, mussen d'Beméiunge carrement verdräifacht ginn. Fakt ass, mir hunn einfach ze laang gewaart, fänken elo sou lues un ze reagéieren an d'Reaktioune sinn net ëmmer an aller Konsequenz duerchduecht.

D'Politiker mussen elo an noer Zukunft onbequem Decisiounen huelen, fir kuerzfristeg op d'Trajectoire awierken ze kënnen. An do wieren se gutt beroden, net déi selwecht Feeler ze maachen, wéi an der Vergaangenheet oder ganz aktuell.

Kucke mer just hei am Land: D'Iddi d'Frais de déplacement ze reduzéieren an als Konterpartie den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, ass effektiv ze kuerz gegraff. Éischtens sinn d'Ticketspräisser vu Bus, Zuch an Tram am Verglach zum Ausland, wa mer éierlech sinn, nach raisonnabel. Zweetens bidden antëscht ganz vill Patronen hire Mataarbechter gratis Abonnementer un, dat sollt ee mol weider ënnerstëtzen. An drëttens, an dat hat de gréngen Transportminister u sech och gutt erkannt, wéi e sech virun de Wale géint d'Gratuitéit ausgeschwat huet, ass dat beschten Argument fir den ëffentlechen Transport, eng Infrastruktur déi funktionéiert. Do si mer awer nach net.

Ongedëlleg gëtt op de weideren Ausbau vum Tramsreseau, der Stater Gare, dem Zuchreseau allgemeng, den Opfangparkinge laanscht d'Grenzen, respektiv op de Garen uechtert d'Land oder der Reorganisatioun vum Busnetz gewaart. Dat Meescht ass wuel an der Maach. Mä realiséiert ass et net. Huele mer also reng theoretesch un, datt déi gratis Offer vum ëffentlechen Transport d'Zuel vun de Passagéier vun haut op muer drastesch an d'Luucht schrauft, de Reseau géif et mol net packen. En attendant géif d'Steierverwaltung awer scho vu Residenten an net ze vergiesse ville Frontaliere via déi reduzéiert Kilometerpauschal asäckelen. Dat wier op alle Fall eng Approche, déi net ze recommandéiere wier.

Wann een e kollektiivt Ëmdenken erreeche wëllen, da mussen d'Leit, all d'Leit, och déi mat manner Suen am Portmonni, mat geholl ginn. Den Emmanuel Macron weist den Ament wonnerbar wéi een et net mécht. An och d'Dieselfuerverbueter an Däitschland treffen déi Falsch. Dat huet zwar manner mat CO2 a méi mat Loftqualitéit ze dinn. An awer, Leit déi mat engem gudde Gewësse viru grad mol 3 an engen hallwe Joer en Auto vun der Euro 5-Norm kaf hunn, mussen, op ville Plazen, vum anere Joer un bludden, fir Decisiounen déi Betriber bewosst geholl a Politiker, op Drock vun der Automobillobby hunn, net konsequent genuch ënnerbonnen hunn. Sou suergt ee just fir Frustratioun. Fir dat z'evitéiere, muss den Usaz geännert ginn.

CO2 reduzéieren, soll fir deen Eenzelne keng Kujenad si, mä eppes Positives, bei deem een och nach Sue spuere kann. Wann een zum Beispill op de Laangstreckefluch op New York verzicht, den Auto wou ee gutt ugebonnen ass stoe léisst, manner Fleesch ësst an de Krunn an d'Heizung net onnëtz lafe léisst. Nëmme mat klenge Gestë vun all Eenzelnem an engem kohärenten a sozial gerechte politesche Kader komme mer weider.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.